E lëftegen an naasse Start an d’Woch

Vun engem schéine Méindegmoien kann een haut wuel net schwätzen. D’Lëtzebuerger Wiederdéngschter melle fir haut a muer zolidd Reemassen a Wandstéiss. MétéoLux huet am Bezuch op de Reen d’Alerte Jaune ausgeruff.

Scho gëschter Owend koum et zu Wandspëtzte vu bis zu 75 km/h a Kombinatioun mat Reen, déi vum Atlantik an eis Richtung gezu sinn. Haut a muer geet et gro, naass a lëfteg virun.

De staatleche Wiederdéngscht MétéoLux mellt, datt vun haut den Owend 18 Auer bis en Dënschdeg kuerz viru 15 Auer mat Reenquantitéiten tëscht 30 a 45 l/m² ze rechnen ass. Doduerch besteet d’Gefor vun Iwwerschwemmungen a schwierege Konditiounen am Verkéier.

E lëftegen an naasse Start an d'Woch
meteolux.lu

Begleet gëtt de Reen haut de Moien an am Nomëtteg vu Wandstéiss vu bis zu 55 km/h an enger Héchsttemperatur vu n 10 °C. Och muer sollt een d’Reenjackett amplaz vum Prabbeli wielen, d’Mutz an d’Zeitung e stéck méi fest unhalen an opmierksam bleiwen op der Strooss. Reenquantitéite vu 35 l/m² gi begleet vu Wandspëtzte vu bis zu 60 km/h.

De Rescht vun der Woch wäert méi kal, dofir mat manner Reen a Wand viru goen. Um Freideg Nomëtteg kann et zu groussflächegem Schnéireen, respektiv Schnéifäll op de Koppe kommen. Wäiss wäert et awer net laang bleiwen – scho Sonndes wäert et nees reenen.

Dernières nouvelles