Search

You may also like

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?

De Confinement belaascht d‘Bevëlkerung wéi d‘Wirtschaft gläichermoossen an dësen Zoustand

De véierten Eisebunnspak steet an der Kritik vun der Salariatskummer
International Neiegkeeten

De véierten Eisebunnspak steet an der Kritik vun der Salariatskummer

Iwwert de véierten Europäescht Eisebunnspak gouf scho vill diskutéiert. Esou

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!
International Neiegkeeten

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!

D’Stad Lëtzebuerg huet um 1. Mäerz mam Stater Mobilitéitsdag de

Geléngt den Ëmstuerz vun der wäissrussescher Regierung?

D‘Oppositioun a Wäissrussland wëll mat engem Generalstreik den Alexander Lukaschenko zum Récktrëtt zwéngen

Geléngt den Ëmstuerz vun der wäissrussescher Regierung?

Scho laang virun der Presidentschaftswahl hat et massive Protest géint d‘Regime vum leschten europäeschen Diktator ginn. Elo wou sech esou zimmlech dat ganzt Land ze erhiewe schéngt, an deenen eigentlech „treie“ Staatsbetriber och gestreikt gëtt, rifft d‘Oppositioun zum Generalstreik.

D‘Maria Moros Wahlcampagnedirektesch vum Svetlana Tichanowskaja (déi sech am Exil a Litauen ophält, nodeems et zu Masseverhaftunge komm war) huet matgedeelt, datt den Ausstand an alle wichtege Staatsbetriber d‘Regierung zwénge soll opzeginn. „Mir maachen der scheedender Muecht begräiflech, datt et hei keen Zeréck méi wäert ginn“, esou d‘Maria Moros e Méindegowend.

AlexanderZanter elo eng décker Woch gi am ganze Land d‘Mënschen op d‘Strooss, fir dee säit 26 Joer un der Muecht stoende President Alexander Lukaschenko zum Récktrëtt ze bewegen. D‘Mass u Mënschen déi demonstréieren, ënnersträiche quasi „bäileefeg“, datt dat vun der Wahlkommissioun annoncéiert Resultat vun 80,2% zu Gonschte vum Alexander Lukaschenko, esou net ka stëmmeg sinn.

A ganz ville Betriber ass d‘Aarbecht längst néiergeluecht ginn an deeglech kommen nei Entreprise bäi. Laut dem Maria Moros, géif de wirtschaftleche Schued an éischter Linn de Regime treffen. Dee géif „nëmmen dës Sprooch verstoen“, wëll deen dëst Geld brauch fir de Sécherheetsapparat um lafen ze halen a sech selwer ze beräicheren. Eng kloer Propagandistesch orientéiert Deklaratioun.

Recht an Onrecht

Mee ëm Geld geet et och bei der Oppositioun. Den Aarbechter déi aus Existenzangscht fäerten sech dem Streik unzeschléissen, huet d‘Oppositioun eng Finanzhëllef aus engem Solidaritéitsfong versprach. Wou dës Suen hierkommen, vu wiem dëse Fonds gespeist gëtt, dat gëtt net matgedeelt, firwat een dat sollt kritesch „begleeden“. Mee gutt och eng „Revolutioun“ muss finanzéiert ginn.

AlexanderD‘Svetlana Tichanowskaja, där hire Mann nach ëmmer am Prisong sëtzt, huet sech ofgesat an ass bei hire Kanner a Litauen. Aus hirem Exil huet déi improviséiert Presidentschaftskandidatin, déi sech selwer als d‘Gewënnerin vun de Wahle vu leschte Sonndeg proklaméiert huet, annoncéiert bereet ze si Verantwortung ze iwwerhuelen. Scho muer soll ee Comité zesummekomme fir déi gefuerdert Muechtiwwernam ze koordinéieren.

Vum Staatschef gouf et widderspréchlech Undeitungen zu enger Neiwahl an/oder méiglecher Verfassungsännerung. Réckhalt kënnt nëmmen nach vu Moskau, fir all déi „aner“ ass et eng gutt Geleeënheet Drock op den Diktator auszeüben. Besonnesch d‘EU schéngt e gréissert Interessi ze hunn. D‘duerch d‘Asetze vun enger proeuropäescher Regierung, kéint ee sech nees erweideren.

Bereet d‘Ierfschaft unzetrieden

Déi Europäesch Unioun huet esouwuel ee wirtschaftleche wéi strategeschen Interêt dorunner, datt sech déi fréier Sowjetrepublik vu Russland distanzéiert, an datt schéngt nëmme mam Svetlana Tichanowskaja méiglech. Wäissrussland ass de „Puffer“ tëscht Polen a Russland, a wéi ee sech kann amëschen ouni Verantwortung ze iwwerhuelen, huet Bréissel mat der Ukrain demonstréiert.

AlexanderAn dësem Kontext ass da schonn eppes bosseg, datt sech den EU-Rotspresident Charles Michel, ouni dobäi rout am Gesiicht ze ginn, dohinner stellt a seet. „Et sollt keng Amëschung vu bausse ginn“. Mir wëssen elo net wien mat „vu bausse“ gemengt ass, mee schonn de Wëlle Sanktiounen ze verhänken, esou wéi dat vun den EU-Ausseminister beschloss gouf, ass faktesch en Agrëff…

Muer soll et dann zu enger weiderer virtueller Drénglechkeetssëtzung vun den EU-Ausseminister kommen. Hei wäert jo wuel iwwer weider Mesure berode ginn, wéi sech och muss driwwer ënnerhale ginn, wéi d‘Unioun d‘Svetlana Tichanowskaja bei senger Muechtiwwernam ka stäipen, dat natierlech ouni sech an d‘Souveränitéit vun der fréierer Sowjetrepublik anzemëschen.

Dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn seng Siicht op dat Ganzt, wäerte mir da wuel och aus Récksiicht op déi global Politik, nees vun de Kolleege vum Deutschlandfunk gewuer ginn…

mat indymedia/lon/bru

Foto: © Mission Lifeline

Related topics Alexander Lukaschenko, Belarus, Charles Michel, EU-Rotspresident, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland
Next post Previous post