Search

You may also like

Dateschutz – eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Gemengen
International Neiegkeeten

Dateschutz – eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Gemengen

De SIGI verëffentlecht e praktesche Guide zum Dateschutz-Reglement RGPD De

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net

Groussbritannien imposéiert Voyageuren aus Frankräich an Holland eng Quarantaine
International Neiegkeeten

Groussbritannien imposéiert Voyageuren aus Frankräich an Holland eng Quarantaine

Wéinst der Zounam vun de Covid19-Infektiounen a Frankräich an Holland,

Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz

Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz

No den erneiten Demonstratiounen a Protester fir d‘Fräiloossung vum russeschen Dissident a Kremlkritiker, Alexej Nawalny, goufen a Russland iwwer 5.000 Mënsche verhaft. Dat zumindest beriichte veschidde Mënscherechtsorganisatiounen.

Géint d‘Aart a Weis wéi d‘Police géint Demonstrante virgeet huet et selbstverständlech vill Kritik aus dem Ausland ginn. Dat besonnesch aus den USA an der Europäescher Unioun. Natierlech geet et net drëms sech an intern Ugeleeënheeten anzemëschen, besonnesch wou dëst Joer a Russland Walen ustinn, wou den Alexej Nawalny gutt Chancë gesäit, och wann hien am Prisong sëtzt.

Wat elo dat diplomatescht Gejéimers an d‘Undreeung vu Sanktiounen ugeet, esou hu se am Kreml scho ganz aner Saache gesinn. Zudeem haten d‘Zaren a Russland schonn ëmmer eng eppes eege Siicht op d‘Lag an hirem Räich. De Vladimir Putin mécht do keng Ausnam, woubäi hien d‘Siicht aus dem Ausland respektéiert, ouni ee festverankert Feindbild, geet international Politik net.

Déi russesch Regierung huet dann och nees de Kremlspriecher Dmitri Peskow virgeschéckt, deen do erkläert: „Natierlech ergräift d‘Police Mesure géint all d‘Leit déi sech un dëser illegaler, well net genehmegter Versammlung, bedeelegen. An engem Rechtsstaat eng ganz normal Prozedur, déi jo bekanntlech an Europa, wéi och an den USA esou ugewannt gëtt“. Gutt gekontert, muss ee soen.

A wéi et säitens europäeschen an amerikaneschen Autoritéiten och ëmmer nees virgedroe gëtt: „Et huet eng grouss Unzuel un Hooligans a Provokateure ginn, déi eng provokant Haltung géintiwwer de Polizisten ageholl hunn. Esou eppes an inakzeptabel. (…) Mat Hooligans a Provokateure kann een och net diskutéieren oder verhandelen“, esou den Dmitri Peskow mat engem breede Grinsen.

mat indymedia/mow

Illustratioun: © Ignat Arapov / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Dmitri Peskow, Kremlkritiker, Protest, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post