Search

You may also like

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser
International Neiegkeeten

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin
International Neiegkeeten

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin

Et steet zanter gëschter Owend fest: d‘EU-Kommissioun gëtt fir d‘éischt

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?
International Neiegkeeten

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?

Literatur ass eist Portal an aner Welten, aner Zäiten a

Alexej Nawalny: Éischt Liewenszeechen aus der Berliner Charité

Alexej Nawalny: Éischt Liewenszeechen aus der Berliner Charité

Nodeems de Kremlkritiker Alexej Nawalny Enn August no engem Gëftattentat an d’Berliner Charité agewise gouf an am kënschtleche Koma louch, huet sech säi Gesondheetszoustand däitlech verbessert. Mëttlerweil kann hien eegestänneg ootmen an d’Krankebett zäitweis verloossen.

Nawalny

Charité Berlin / Twitter

En humorvollt an optimistescht Liewenszeechen huet den Alexej Nawalny haut aus dem Spidol geschéckt. A sengem Text schreift hien „Hallo, hei ass den Nawalny. Ech hunn Iech vermësst.“ Ouni maschinell Beootmung duerch den Dag ze kommen, schätz hien immens a schreift weider, datt dëst „ootmen“ jiddwerengem ze recommandéieren ass.

Nawalny

Navalny / Instagram

E kuerze Réckbléck

Op engem Fluch vu Sibirien op Moskau ass den Oppositiounspolitiker. D’Dokteren am Spidol zu Omsk hu bei senger Aweisung esou gemaach, wéi wa si kee Gëft fonnt hätten. Duerch Kritik un der russescher Politik, Enthüllungsgeschichten an differenzéierte Blogbeiträg läit et bal op der Hand, datt hien – als Bedreeung a Gefor fir de President Vladimir Putin – mounddout sollt gemaach ginn.

Et hat ee sech schliisslech op privat Initiative dozou entscheet, den Nawalny an d’Berliner Charité ze bréngen, wou een schliisslech eng Substanz aus der Wierkstoffgrupp vun de Cholinesterase-Hemmer noweise konnt. Spéitfolge vum Nervesystem kënnen net ausgeschloss ginn, allerdéngs mécht säi Liewenszeechen Hoffnung op e positive Verlaf.

Related topics Alexej Nawalny, Berliner Charité, Gëftuschlag, Kënschtleche Koma, Kreml-Kritiker, Liewenszeechen, maschinell Beootmung, Nervegëft, Oppositiounspolitiker, Russland, Spidol
Next post Previous post