Search

You may also like

money
D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider
International Neiegkeeten

D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider

Um Belval sollen dem Haus vun der Bio-Gesondheet nach an

Autokino am Trend – Faszinatioun ënnert fräiem Himmel
International Neiegkeeten

Autokino am Trend – Faszinatioun ënnert fräiem Himmel

Grousse Kino ënnert fräiem Himmel, vermëscht mat enger Grëtz Nostalgie

Geriichtsaffär: Ze séier oder net ze séier?
International Neiegkeeten

Geriichtsaffär: Ze séier oder net ze séier?

D‘Hierarchie vun den Normen huet gëschter um Geriicht Zu Lëtzebuerg

Den Nawalny wousst wéi et géif goen

Den Nawalny wousst wéi et géif goen

De russesche Kremlkritiker Alexej Nawalny wousst viru senger Ofrees zu Berlin, datt déi russesch Autoritéiten hien zur Fahndung ausgeschriwwen haten. Déi wollten och keng grouss Publicity mam Dissident sengen Unhänger, firwat de Fliger aus Berlin, op de Fluchhafe Sheremetyevo zu Moskau ëmgeleet gouf. De 44 järege sëtzt elo bis op Weideres an Untersuchungshaft.

Am Netz zirkuléiere Biller, op deenen ze gesinn ass, wéi sech den Alexej Nawalny um Fluchhafe mat de Sécherheetsbeamten ënnerhält an da matgeholl gëtt. Dat net ganz fräiwëlleg. Dem Alexej Nawalny, deen sech zu Berlin vun engem Gëftuschlag erholl hat, gëtt vun der Justiz virgeworf, datt hie géint Bewärungsoploen aus engem fréiere Strofprozess soll verstouss hunn.

Hie sollt sech dann elo op drop astellen, datt dës Bewärung an eng echt Haftstrof wäert ëmgesat ginn. De Geriichtstermin ass op den 29. Januar festgeluecht ginn. Den Interesséierten a seng Fans schwätze vun enger politescher Inzeenéierung, woubäi nach net ganz gekläert ass, wien Regie soll gefouert hunn. Ëmmerhi sollt den Dissident zu Wnukowo, jo och net onbemierkt landen.

Alexej

Um Fluchhafe Wnukowo haten sech honnerten Unhänger vum Alexej Nawalny versammelt, fir de Retour medial auszeschluechten. Vill ënnert dëse Supporter waren dann awer verwonnert, datt och si festgeholl goufen. Esou ass och dem Dissident seng enkste Mataarbechterin, d‘Affekotin Ljubow Sobol, verhaft ginn. Vill organiséiert Opreegung, déi vum Ausland mat Kritik beluecht gëtt.

Ee geféierlecht Spill

Firwat den Nawalny zréck a seng Heemecht wollt? Ma well hien ee vun der Haarder Zort ass, een vun deenen deen sech net vum Wee ofbrénge léisst. Hien hat jo ënnerwee nach gemengt, datt him näischt Schlëmmes kéint geschéien. Et war och keen Zoufall, datt nieft den Aktivisten och Blogger a Journaliste mat am Fliger waren. Alles wollt mat derbäi sinn, fir déi politesch Victoire ze feieren.

Alexej

De Mann deen nach ëmmer behaapt, datt de Vladimir Putin perséinlech den Uerder ginn hätt, hien aus dem Verkéier ze zéien, ass zréck a seng Heemecht geflunn, well hien nëmmen do de Kampf géint de fréiere KGB-Offizéier féiere kann. Hie gëtt vu villen als „couragéiert“ bezeechent an déi Politiker, deenen all Geleeënheet Recht ass fir de russesche Bier op d‘Schëpp ze huelen, sinn do.

Als éischt d‘Amerikaner, wou de Mike Pompeo via Twitter erkläert, datt de Putin den Nawalny festhuele gelooss hätt fir dësen zu Schweigen ze bréngen. De Mann ass en Expert, hien huet sech laang mam Dossier Assange ausenanergesat. Wann d‘USA bille wackelen se zu Bréissel mam Schwanz, an esou hunn och eng Rei EU-Länner déi neierlech Verhaftung op d‘schäerfst kritiséiert.

Alexej

Si stäipen ee politeschen Acteur, vun deem gewosst ass, datt hie Friemefeindlech ass, sech kloer riets positionéiert an och soss éischter ee „Populist“ wéi dann en Demokrat ass. Elo ass et awer méiglech, datt grad dat déi politesch Ausriichtung vun den USA an der EU an Zukunft soll sinn. Bezunn op d‘Migratioun, wier deem schonn esou. A Russland ass e bequeemt Feindbild…

mat indymedia/mow

Illustratioun: © Josue Isai Ramos Fugueroa / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Dissident, Kremlkritiker, Populist, Prisong, Russland
Next post Previous post