Search

You may also like

De franséischen Reparatur-Index: Och en nohaltege Mechanismus fir Lëtzebuerg?
Kultur Neiegkeeten

De franséischen Reparatur-Index: Och en nohaltege Mechanismus fir Lëtzebuerg?

Zënter dem 1. Januar 2021 si Produzente vun Elektroproduiten a

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?
Kultur Neiegkeeten

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

[onionbuzz quiz-id=159][/onionbuzz] Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19.

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521
Kultur Neiegkeeten

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada

Loscht op e musikaleschen Ausfluch an dat sonnegt Andalusien? Um 15. Abrëll 2021 bitt d’Kulturfabrik am Kader vu sengem FlamencoFestivalEsch e gratis Concert vum Alfredo Tejada un, deen Iech vun Doheem aus begeeschteren dierf.

Viru kuerzem huet de präissgekréinte Cantaor Alfredo Tejada säin Album „Identidad“ erausbréngen. Domat wollt de Museker e Wierk realiséieren, dat op der déiwer Erfuerschung vum klassesche Flamenco berout […], dat awer net widderhëlt, wat ee schonn emol héieren huet.“

An tatsächlech – esou erkläert et de Flamenco-Kritiker Claude Worms – konnt den Artist dësen Uspréch gerecht ginn. Hien hätt déi brilliant Fäegkeet, d’Traditioun duerch originell Liesaarten ze erfrëschen an esou spannend Kompositiounen ze schafen.

Alfredo Tejada

Bei dëser exzellenter Kritik sinn de Circulo Cultural Español Antonio Machado an d’Kulturfabrik ëmsou méi houfreg, sech fir de FlamencoFestivalEsch zesummegedoen ze hunn, an dem Publikum dëse gratis Streaming-Concert ubidden ze dierfen. Gefilmt gouf den Optrëtt Ufan Abrëll op der Bühn vun der Peña de la Platería zu Granada. Dobäi huet den Alfredo Tejada sech de renomméierte Gittarist Antonio de la Luz zur Säit geholl, fir en héichwäertegen Optrëtt ze bidden.

Kucken a lauschteren dierf een dëse gratis Concert muer iwwert d’Facebook-Säit vum FlamencoFestivalEsch. Déi virtuell Diere maachen um 19:30 Auer op, lass geet et dann um 20:00 Auer.

Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Alfredo Tejada, Cantaor, Concert, Flamenco, Flamenco Festival, Gratis, Kulturfabrik, Spuenien, Streaming
Next post Previous post