Search

You may also like

Verlängerung vun der Liewensdauer vun de Kraaftwierker:
International Neiegkeeten

Verlängerung vun der Liewensdauer vun de Kraaftwierker:

De Mëttwoch Moien huet Greenpeace Frankräich en Appell beim Staatsrot

D‘Rees kann ufänken!
International Neiegkeeten

D‘Rees kann ufänken!

„Luci“ de neie Magazin, erausgi vu „Luxembourg for Tourism“, luet

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC
International Neiegkeeten

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC

Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Zu dausende sinn se op d‘Strooss gaangen… et gouf blesséierter

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem Schlag am Rollstull sëtzt an och soss wéineg ëffentlech Optrëtter bewältegt kritt, fir eng fënnefte Kéier als Kandidat fir d‘Presidence opgestallt huet, gëtt vu villen Algerier als „eng Blamage fir d‘Land“ gesinn.

Um Freideg ass et da wéi erwaart nees zu gréisseren Demonstratioune komm. Heibäi koum et och zu Zesummestéiss mat de Sécherheetskräften. D‘Police huet massiv Tréinegas agesat fir d‘Leit ausenanerzedreiwen. Am Stadzentrum hu Spezialeenheeten e Protestmarsch gestoppt, an och beim Cortège dee Richtung Presidentepalais ënnerwee war, ass et zur Kläpperei mat der Police komm.

Algerien

at enger Blumm déi de Sécherheetskräften entgéintgehale ginn ass, soll de friddleche Charakter vum algeresche Protest ënnermauert ginn. Leider ass et net iwwerall esou „roueg“ ofgelaf. © Dima Dzair (via Twitter)

Bei den „Onrouen“ ass et zu Kollateralschied komm: Vitrine vu Geschäfter sinn ageworf ginn, Gefierer goufen a brand gestach. Algeresch Journalistekollegen hu bericht, datt et virun allem déi Jonk waren déi sech un den Demonstratioune bedeelegt hunn. Mat Slogane wéi „Mäerderregime“ an „D‘Vollek fuerdert de Stuerz vum Regime“, ass de Wonsch no Ännerung onmëssverständlech.

Wou dréckt de Schong?

Emol dovunner ofgesinn, datt den Abdelaziz Bouteflika wéinst sengem Gesondheetszoustand guer net méi an der Lag ass d‘Land ze dirigéieren, huet Algerien mat ville soziale Problemer ze kämpfen. D‘Land gëtt „Autoritär“ gefouert, korrupt Politiker a Beamte sinn éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnam. Chômage an Aarmut vervollstännegen d‘Bild vun engem Land, deem et eigentlech misst gutt goen.

Algerien

Säit iwwert enger Woch ginn d‘Algerier op d‘Strooss, fir sech géint d‘Kandidatur vum 82 Joer alen, gesondheetlech ugeschloenen Abdelaziz Bouteflika ze wieren. © Dima Dzair (via Twitter)

Mat senge Ressourcen (Pëtrol a Gas) an enger funktioneller Industrie, sollt Algerien wirtschaftlech op stramme Been stoen. Dat deem net esou ass, erklären sech vill Algerier mat Fait, datt hire President d‘Problemer vun de Bierger bewosst ignoréiert. Et dierft wäit schlëmmer sinn, wéi d‘Leit et befierchten, an e Changement vum Regime, géif villes un d‘Liicht féieren dat kee soll gesinn.

Schwiereg Berichterstattung

Datt bei esou enger ugespaanter politescher Lag auslännesch Journalisten net wëllkomm sinn, ass novollzéibar. Mee och déi algeresch Journalisten, sinn an hirer Aarbecht behënnert a bedreet ginn. Esou ass nëmme wéineg „bericht“ ginn. De Revirement gouf et gëschter Owend, wéi op der Staatstëlee d‘Demonstratioun eng éischte Kéier als „Headline“ (Opmaacher) zum Thema ginn ass.

Algerien

t sinn an éischter Linn déi jonk Algerier, déi e politesche Wiessel verlaangen, sech géint de korrupte Regime mat senge korrupte Beamten zur Wier stellt. © Don Chakibovic (via Twitter)

Hei muss dann allerdéngs direkt „relativiséiert“ ginn, well och wann d‘Staatsmedien elo iwwert déi Demonstratioune bericht huet, esou ass ganz gutt uecht gedoe ginn, de Grond fir de Protest nëmmen net ze nennen. Wéi en Ausmooss dat ganz dreet unzehuelen, huet den algeresche Ministerpresident Ahmed Ouyahia gëschter am Parlament däitlech gemaach. Hie warnt virun engem Biergerkrich…

mat indymedia/mad/lon

Foto: Wéinst de Kandidatur vum Abdelaziz Bouteflika fir e fënneft Mandat, kënnt Algerien säit elo enger gudder Woch net méi zur Rou. © Abdel Kader (via Twitter)

Related topics Abdelaziz Bozuteflika, Algerien, Protest, Regimewiessel, Wahlen
Next post Previous post