Search

You may also like

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl
International Neiegkeeten

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl

Eeler Leit déi hir Tréinen net kënnen zréckhalen, bluttverschmierte Familljepappen,

Elo soll de Bau erzwonge ginn
International Neiegkeeten

Elo soll de Bau erzwonge ginn

Um Donneschdeg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding, an net wéi een

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!
International Neiegkeeten

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!

Och wa sech de Konsumenteschutz am Groussen a Ganzen mat

Algerien: Arméi wëll 82 järege President ofsetzen

Algerien: Arméi wëll 82 järege President ofsetzen

Zanter Woche gi sech es d‘Algerier net midd, eng nei Regierung ze fuerderen. Hire President, den 82 Joer alen Abdelaziz Bouteflika, huet säi Projet fir e fënneft Mandat wuel schonn opginn, mee d‘Wahlen onbestëmmt verluecht. Elo soll de President soll fir Amtsonfäeg erkläert ginn…

President

A senger Usproch un d‘Vollek, huet gëschter Mëtteg de Generol Ahmed Gaid Salah annoncéiert, datt D‘Entscheedung geholl ginn ass, den Abdelaziz Bouteflika, esou wéi et an der Verfassung virgesinn ass, no Artikel 102 fir Amtsonfäeg ze erklären. Eng schwéier an dauerhaft Krankheet behënnert d‘Ausübe vu senge Funktiounen, an den Artikel 102 en Auswee aus der Kris.

Dofir brauch et dann awer nach eng zweedrëttel Majoritéit am Parlament. Déi schéngt geséchert, an dann ass do jo och nach d‘Arméi, déi, esou wéi et de Generol betount huet, de Garant an Hidder vun der nationaler Onofhängegkeet. Ass dat alles duerch, iwwerhëlt de Parlamentspresident statutaresch d‘Geschäfter fir 45 Deeg. Huet sech den Zoustand vum President dann net verbessert geet et weider.

Et muss da vum Parlamentspresident d‘Vakanz vum Mandat erkläert ginn, deen uschléissend Wahle bannent 90 Deeg organiséiere muss. Dat heescht datt de 70 järege President vum Verfassungsrot, Tayeb Belaiz, deen e Vertraute vum Abdelaziz Bouteflika ass, e Prozess géint dëse misst aleeden. Elo muss een ofwaarden, ob d‘agräife vun der Arméi d‘Vollek zefriddestellt an d‘Protester ophalen.

mat indymedia/mad/orn

Foto: Si fuerderen de Changement, an d’Arméi kéint dësen elo erbäiféieren. © Mehdi Zela

Related topics Abdelaziz Bozuteflika, Ahmed Gaid Salah, Algerien, Artikel 102, Verfassung
Next post Previous post