GARDEN SOUNDS mam Maxime Bender Quartett um 5. September
Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng
Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng
Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den
Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet haut den däitschen
Wéi den Haff matgedeelt huet, ass d‘Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg, gëschter Méindeg, den 11. Februar verstuerwen. „Et ass mat grousser Trauer, wou hir Exzellenzen de Groussherzog Jean, de Groussherzog Henri an d‘Groussherzogin Maria Theresa den dout vun der Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg musse bekannt ginn“.
D‘Prinzessin, déi mam ganzen Numm Alix, Marie, Anne, Charlotte, Gabrielle vu Lëtzebuerg, de 24. August um Schlass Bierg d‘liicht vun eiser Welt erbléckt huet, war dat jéngste Kand vun der Groussherzogin Charlotte, Schwëster vum Groussherzog Jean an d‘Tatta vum Henri. Si war nom däitschen Iwwerfall 1940 mat an den Exil gaangen, an huet sech nom Krich mam Antoine de Ligne, engem belschen Adelegen dee als RAF-Pilot am zweete Weltkrich gekämpft huet bestuet ginn.
E Méindeg ass d‘Prinzessin, vun där éischter wéineg an de Medie bericht ginn ass, um Schlass Beloeil an der Belsch am Krees vun der Famill verstuerwen. Ouni dat schonn en Datum festgeluecht konnt ginn, huet de Marechalat de la Cour annoncéiert, datt an Méchelskierch zu Lëtzebuerg eng Mass zu Éiere vun der Prinzessin Alix ofgehale gëtt.
Foto: D’Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg a jonke Joren © Cour Grand-Ducale/Ed Kutter (Archiv)