Search

You may also like

Offall kann déidlech sinn – Och Hondsdreck gehéiert net op d’Felder a Wisen
Neiegkeeten

Offall kann déidlech sinn – Och Hondsdreck gehéiert net op d’Felder a Wisen

Ob Plastikverpackungen, gliese Fläschen oder Gedrénksbéchsen, Offall gehéiert weder op

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?
Neiegkeeten

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?

Un dësem Donneschdeg, den 10. Oktober huet den Task Force

Rapport 2019: De CGDIS kuckt op 60.979 Asätz zeréck
Neiegkeeten

Rapport 2019: De CGDIS kuckt op 60.979 Asätz zeréck

Gëschter huet de CGDIS seng Aktivitéiten, Interventiounen, Zuelen a Fakte

Alkohol um Steier huet lescht Joer 22 Doudesaffer gefuerdert

Alkohol um Steier huet lescht Joer 22 Doudesaffer gefuerdert

Am Kader vun der Presentatioun vum Informatiounsspot „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“ huet een déi generell Situatioun zu Lëtzebuerg am Stroosseverkéier analyséiert. Heibäi ass den Zäitraum vun 2014 bis 2018 mat allen Zuelen a Konsequenzen a Relatioun mat alkoholiséiertem Fueren ënnert d’Lupp geholl ginn. Et bemierkt een eng positiv Entwécklung, an awer bleiwen d’Vitess an den Alkohol weiderhin den traurege Grond fir schwéier oder déidlech Accidenter.

Et braucht net vill, fir ee schlëmmen Accident ze provozéieren. Mat nëmmen 3 Promill am Blutt verduebelt sech de Risiko fir en Accident, bei 1,5 Promill geet en souguer ëm dat 16facht an d’Luucht. Dobäi entstinn déi meescht Accidenter duerch den Zesummestouss mat anere Gefierer oder mat engem fixe Géigestand ausserhalb vun der Strooss. Op der 3. Plaz vun dësem Podium steet d’Kollisioun mam Bam.

T’ass erschreckend…

Am Joer 2014 goufen etganzer 245 schwéier blesséiert Persoune, am Verglach zu 273 fir d’Joer 2018. Bei den Doudegen ziele mir der 35 fir 2014 a 36 fir 2018. Am leschte Joer sinn 22 Doudesaffer ze zielen. Dobäi wier all Accident ze vermeiden, wann de Chauffeur einfach responsabel géif handelen en Taxi ruffen oder sech eng Schlofméiglechkeet zur Ausniichterung an der Géigend ze sichen.

Alkohol um Steier

Grafik aus der Powerpoint Presentation vum Transportministère

Och d’Plaz vun den Accidenter ass ongeféier gläich bliwwen. Am Joer 2018 gouf et 122 Virfäll a Ballungsraim, 70 Stéck ausserhalb an 29 op der Autobunn.

Méi erschrecken ass do wuel d’Zuel u Protokoller, déi d’Police alkoholiséierte Chauffeuren huet missen ginn: Tëscht 2014 an 2018 si ganzer 1.132 taxéiert Avertissementer erstallt ginn. Wärend d’Beamten 2014 zesummegerechent genee 7.000 Punkten ewechgeholl hunn, leie mir fir 2018 bei 9.298 Punkten. D’Permisen, déi direkt entzu gi sinn an dat ënnert, respektiv mat genee 12 Promill, ass allerdéngs erofgaangen (1.624 fir 2014, 1.406 fir 2018).

Alkohol um Steier

Grafik aus der Powerpoint Presentation vum Transportministère

Fir d’Zukunft ass virgesinn d’Zuelen u schwéier Blesséierten an Doudegen am Stroosseverkéier, déi d’Affer vun Alkohol um Steier gi sinn, ëm d’Halschent ze reduzéieren. Wéi een dat genee maache wëll, ass allerdéngs net bekannt. Vläicht d’Stroofen erhéijen?

Rëselt dës Campagne elo waakreg?

Den neie Spot „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“ hëlt d’Schicksal vun direkt e puer Mënschen op. Wärend mir op der enger Säit mat eenzele Persounen a souguer ganze Famillen konfrontéiert ginn, déi duerch en alkoholiséierte Chauffeur ausgeläscht gi sinn, gëtt virun allem d’Säit vun de Schëllegen bei engem Verhéier duergestallt. D’Emotioune reechen vun Verzweiwlung, iwwert Roserei, bis hin zum pure Schock. Si all waren der Meenung, esou een ellenen Accident kéint hinnen net geschéien.

Alkohol um Steier

Esou sinn direkt 2 Versioune vum Spot kreéiert ginn: ee vun 2,20 Minutten fir am Kino an ee vun 30 Sekonnen fir d’Telee. Opgrond vun den zuelräichen Accidenter a Policekontrollen, bei deenen d’Chauffeuren ze déif an d’Glas gekuckt hunn, huet d’Associatioun vun de Stroossenaffer AVR den Informatiounsvideo wëlle schafen. Ënnerstëtzung hu si sech beim Transportministère gesicht, wärend FrameArt Media mam Andy Bausch dat schockéierend Wierk realiséiert hunn.

Kuckt ee sech de Spot un, esou gëtt ee vun de Geschichte matgeholl, déi hei vläicht fiktiv sinn, gläichzäiteg awer och traureg Realitéit sinn. Domadder huet d’AVR den Nol op de Kapp getraff an et kann een nëmmen hoffen, datt et d’Leit am Stroosseverkéier zum Nodenken motivéiert.

Opmaacherbild: © Sergio Alves Santos / Unsplash

Related topics Accident, Alkohol um Steier, Associatioun vun de Stroossenaffer, AVR, Doudeger, François Bausch, Kollisioun, Spot, Stroosseverkéier, Trafic, Transportministère, Vitesse
Next post Previous post