Search

You may also like

Solidaritéit!
International Neiegkeeten

Solidaritéit!

Virum Hannergrond vum Protestpiquet géint d‘Luxair-Spuermoossname virum „Héichhaus“ op der

surprise
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
International Neiegkeeten

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“
International Neiegkeeten

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“

Fir d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA),

All Kontakt ass een ze vill!

De partielle Lockdown huet déi rasant Entwécklung vum Coronavirus an Éisträich net gebremst kritt an d‘Regierung huet elo weider Moossname beschloss: d‘Mënsche sollte méiglechst kengem méi begéinen

All Kontakt ass een ze vill!

Déi vum Bundeskanzler Sebastian Kurz um Samschdeg ugekënnegt drastesch Moossnamen, fir der Verbreedung vum Covid19-Virus ze begéinen, sollen en Dënschdeg a Kraaft trieden. Da mussen net nëmmen d‘Betriber aus dem Horesca-Secteur an Entreprisen aus dem Fräizäit- an Eventberäich hir Dieren zouhalen. Nëmmen „essentiell“ Geschäfter an Entreprisen dierfen dann nach ophunn.

Heirënner falen d‘Liewensmëttelgeschäfter, d‘Apdikten, d‘Banken an d‘Post. Dat heescht datt wéi schonn am Fréijoer, sougenannt „kierperno“ Déngschtleeschtungen (Coiffeur, Kosmetikstudio, Massagesalon, asw.) net méi dierfen ugebuede ginn. Och bei der Bildung ginn d‘Parameter zolidd verännert. Esou sollen all d‘Schoulen nees op Home-Schooling ëmschalten. Crèche kënnen awer, entspriechend der Noutwennegkeet an dem Besoin eng Betreiung vun de Butzen ubidden.

Kontakt

„Jidderee soll, wann et méiglech ass, am Homeoffice schaffen. (…) Meng andrénglech Demande fir déi nächst Wochen ass: Trefft keen aneren! All soziale Kontakt ass een ze vill. Verbréngt är Fräizäit ausschliisslech mat Mënschen, mat deenen dir och an engem Menage lieft“, esou den Appell vum éisträichesche Bundeskanzler. De Mënschen déi eleng liewen, huet de Sebastian Kurz geroden, sech eng Persoun aus dem sozialen Ëmfeld auszewielen, mat där hien am Lockdown a Kontakt stoe wëll.

Ka Chrëschtdag gerett ginn?

A senger Erklärung huet de Sebastian Kuerz drop higewisen, datt d‘Spärstonn, déi nach bis en Dënschdeg vun 20 bis 6 Auer gëllt, op den ganzen Dag ausgewäit gëtt. Dat heescht, datt een d‘Haus dann nëmmen nach verloossen dierf, wann een ee vun dëse véier Grënn fir sech an Usproch huele kann: 1) Schaffe goen 2) Akafe fir Grondbedierfnesser ofzedecken 3) Aneren hëllefen oder fleegen 4) sech d‘Been vertrieden, mam Hond spadséiere goen oder Sport maachen (individuell).

Kontakt

Hie wier sech dem Fakt bewosst, datt dës Mesuren d‘Fräiheet vun allen immens géif aschränken, esou den éisträichesche Bundeskanzler. Déi wieren zwéngend néideg, fir de Gesondheetssystem a besonnesch d‘Intensivstatiounen ze entlaaschten. Zudeem ass et fir de Sebastian Kuerz déi eenzeg Chance eng Reprise am Dezember ze erméiglechen, an esou d‘Chrëschtdeeg ze retten. Woubäi et jidderengem muss kloer sinn, datt dëst Joer de Motto „virsiichteg awer wierdeg“ ugesot ass.

Kontakt

Dëse vollstännege Lockdown soll elo emol bis de 6. Dezember gülteg sinn. Den Ament stiechen sech an Éisträich all Dag ronn 7.000 Mënsche mam Coronavirus un. 550 (statt der gewënschte 50) Neiinfektioune pro 100.000 Awunner – bannent siwen Deeg – wier däitlech ze vill, an géif de Gesondheetssecteur iwwerlaaschten. Bei eis zu Lëtzebuerg ass d‘Lag nach net esou alarméierend, firwat d‘Regierung fir den Ament keng weider Mesure virgesinn huet.

mat indymedia/vie

Related topics Chrëschtdag Retten, Confinement, Covid19-Mesuren, Éisträich, Lockdown, Sebastian Kurz
Next post Previous post