Search

You may also like

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin
International Meenung Neiegkeeten

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,

surprise
Wéinst de Spannunge mam Iran: De Macron besicht Saudiarabien
International Meenung Neiegkeeten

Wéinst de Spannunge mam Iran: De Macron besicht Saudiarabien

De franséische President ass um Donneschdegowend zu Riad ukomm. En

Dissidenten-Demo: „Putler Kaputt!“
International Meenung Neiegkeeten

Dissidenten-Demo: „Putler Kaputt!“

Déi ganz westlech Welt an natierlech besonnesch d‘Russen am Ausland,

Editorial: All Liewen zielt!

Editorial: All Liewen zielt!

Den Dout vum George Floyd an den USA, war déi berühmten Drëps déi d‘Faass an den USA zum iwwerlafe bruecht huet. De Mouvement „Black Lives Matter“ ass zudeem schonn eppes méi al an dokumentéiert Iwwergrëff vun der Police géintiwwer Afroamerikaner ginn an d‘Dausenden. Elo „brennt“ Amerika, an den US-President schéngt och dës Situatioun net an de Grëff ze kréien.

Mee Rassismus a Policegewalt sinn ee Problem deen net nëmmen d‘Amerikaner betrëfft. Och a China, Russland a soss als „totalitär Staaten“ bezeechent Staaten ass deem esou. Minoritéiten, ob wéinst hirer Hautfaarf, Relioun oder sexueller Ausriichtung – fir nëmmen déi ze ernimmen – ginn allerdéngs net exklusiv a sougenannten Onrechtsstaaten vu Staatsorganer verfollegt an terminéiert.

LiewenPolicegewalt gëtt et och massiv bei eise franséischen Noperen, do ass da rieds vum „délit de faciès“ an oft geet et duer e giele Gilet unzehunn, fir zur Zilscheif ze ginn. An Däitschland, wou déi rietsradikal vun der Police begleet an ofgeschiermt ginn, geet d‘Staatsgewalt virzuchsweis géint „lénk Gruppéierunge“ an Ëmweltaktiviste vir. Et sinn also net ëmmer Autoritär Staate betraff.

Wann den Donald Trump, dem iraneschen Ausseminister virwërft, datt d‘Ajatollahen Protester mat vill Gewalt néierschloe, Fraen um Krop vun engem Kran ophänke léisst an d‘Meenungsfräiheet mat alle Mëttel verhënnert, esou ass dat net gelunn. De Problem: genee déi selwecht Ausso trëfft esou och op Saudiarabien zou, mee d‘Kinnekräich ass ee Partner an ee gudde „Client“ mat Geld.

Fir d‘Zivilgesellschaft heescht et sech fir all Liewen anzesetzen, fir d‘Rechter vun alle Mënschen, egal a wéi engem Land, egal ënnert wéi engem Regime, anzesetzen. Antisemitismus ass genee esou falsch wéi all Palestinenser als Terrorist ofzestempelen. Déi institutionaliséiert Homophobie a Polen ass mindestens esou inakzeptabel wéi d‘Beschränkung vun der Pressefräiheet an Ungarn.

Liewen

Wann de Sheriff vum Jefferson County ee Panzer brauch, leeft zolidd eng dernieft. (Archiv – Reddit 2014)

Wa mir et net séier hikréien, nees deene Politiker déi entscheedend Mandater ze ginn, déi sech da primär fir Mënscherecht, Gläichberechtegung a géint Aarmut asetzen, statt d‘Interesse vun enge wéinegen – awer mächtegen – Konzerner ze verdeedegen; wann d‘Geld a Rëschtung, statt an d‘Gesondheetswiesen, de Klimaschutz a sozial Projeten investéiert gëtt, hu mir kollektiv versot.

Wann eng Stad wéi Los Angeles, iwwer 50% vum Gemengebudget fir d‘Police ausgëtt a stänneg beim Sozial- a Schoulbudget kierzt, léisst sech kee soziale Fridden hierstellen. Wann d‘Police an den USA wéi d‘Arméi opgerëscht gëtt, da sollt ee wëssen dat et grouss Deeler vun der Bevëlkerung kaum Zukunftsperspektiven hunn. An dat gesäit aktuell an der Europäescher Unioun net besser aus.

Related topics All Liewen Zielt, Black Lives Matter, Extremismus, Homophobie, Policegewalt, Rassimus, Staatsgewalt
Next post Previous post