Search

You may also like

Fërdert d‘WHO Homosexualitéit bei Kanner?
Neiegkeeten

Fërdert d‘WHO Homosexualitéit bei Kanner?

De brasilianeschen Diktaturnostalgiker Jair Bolsonaro, deen och als südamerikaneschen Trump

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée
Neiegkeeten

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée

Um Freideg ass zu Esch Uelzecht eng vun den eelef

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?
Neiegkeeten

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen

Déi sanitär Situatioun erfuerdert ëmmer erëm eng nei Evaluatioun a fir ons Bierger, mee besonnesch déi vulnerabel Leit ze schützen huet de Kardinol decidéiert d’Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen ausfalen ze loossen.

Vun dëser Annulatioun sinn natierlech déi Griewerseenunge betraff, déi aus praktesche Grënn virun oder nom 1. an 2. November annoncéiert waren.

Dës Decisioun ass dem Kardinol net liicht gefall, well si eng Traditioun ass, déi déif an der Lëtzebuerger Gesellschaft verankert ass. Dës Traditioun ass fir ganz vill Leit wichteg, egal wéi no si sech der Kierch verbonne spieren.

D’Zuele vun de Coronavirus-Infektioune schwätze leider eng däitlech Sprooch. Dat heescht awer net, datt eis Verstuerwe vergiess wieren, si dierfen dat net. Et heescht och net, datt keng Seenung wier, just si ass net ëffentlech. Ewéi bei allem muss hautdesdaags improviséiert ginn.

Folgend Moossname goufen ergraff:

1. All Geeschtlech (Priister, Diakonen a mandatéiert Laien) sinn opgeruff, all Kierfechter ronderëm Allerhellegen ze seenen, allerdéngs ouni Publikatioun vun den Auerzäiten an ouni Presenz vun de Leit.

2. Wann di sanitär a rechtlech Konditiounen et erlaben, ginn d’Leit invitéiert eleng d’Griewer vun hire léiwe Verstuerwenen opzesichen an och ze rëschten, zu engem Moment ronderëm Allerhellegen, dee si selwer bestëmmen.

3. D’Pore ginn opgeruff, fir op Allerhellegen an op Allerséilen um 12.05 Auer d’Klacke wärend 5 Minutten ze lauden, als Zeeche vum Gedenken un all Verstuerwen a grad och un d’Affer vun der Covid19-Pandemie.

4. De Bistum wäert e puer Gebieder fir déi Verstuerwe proposéieren, déi een an den nächsten Deeg op eisem Site www.cathol.lu fënnt an déi geduecht sinn als eng Hëllef beim Gebiet um Graf oder doheem.

5. De Kardinol wäert zu där Geleeënheet och e Videomessage ginn, dee sech un all Leit adresséiert an och a schrëftlecher Form virleie wäert.

6. Hien wäert och op Allerséilen eng Mass fir di Verstuerwen an der Kathedral halen.

7. Déi schonn annoncéiert Masse fir Allerhellegen an Allerséile sollen, sou wäit wéi méiglech, stattfannen, natierlech ënnert den entspriechende Schutzmoossnamen. Den haut scho publizéierte Gottesdéngschtprogramm gëtt vun de Poren ugepasst an aktualiséiert.

Weider Informatioune fannt Dir ënner www.cathol.lu

Illustratioun: © Rémi Muller / unsplash

Related topics Allerhellegen, Allerséilen, Griewerseenungen, Kardinol, kathoulesch Kierch
Next post Previous post