Search

You may also like

Energierot zu Bréissel – Lëtzebuerg weist sech éiergäizeg
International Neiegkeeten

Energierot zu Bréissel – Lëtzebuerg weist sech éiergäizeg

Den Energieminister Claude Turmes huet en Dënschdeg um Energierot zu

Video: Wéi d‘Kris vum Coronavirus sech entwéckelt huet
International Neiegkeeten

Video: Wéi d‘Kris vum Coronavirus sech entwéckelt huet

De Coronavirus ass pandemesch, wat heescht datt déi ganz Welt

Op der Flucht virun den Osmanen
International Neiegkeeten

Op der Flucht virun den Osmanen

Ankara mellt, datt déi tierkesch Truppen um Zweeten Dag vun

Op de wierklech allerleschte Stëppel

Op de wierklech allerleschte Stëppel

Nodeems et deem engen oder aneren an der brittescher Regierung bewosst ginn ass, wéi d‘Logistik an d‘Mobilitéit am grousse Ganzen duerch zoue Grenzen zu Buedem bruecht gëtt, kënnt elo och déi laang gewënschte Beweegung an d‘Verhandlungen zum Post-Brexit Ofkommes. Zu Bréissel huet et ee Mëttwoch geheescht, datt een an der Endphas ass. Dat angeblech „mat“ engem Accord.

Déi lescht Woche war net nëmmen Nordirland ee vun de „major problems“, besonnesch bezunn op d‘Fëscherei gouf et mega Sträit. Een zimmlech mat den Hoer erbäigezunne Problem: d‘Fëscherei schléit sech mat 0,01% op de Bruttoinlandprodukt (BIP) néier an 80% vum Fang geet un EU-Häfen. Mee London huet aus enger Sardinn en Thon gemaach, an sech an d‘EU an d‘Struewele bruecht.

Elo also schéngen se agesinn ze hunn, datt et op deem Punkt näischt ze huele gëtt, an dat gouf hinne kloer an däitlech esou virun d‘Nues gehalen. Anersäits gëtt et elo och Stëmmen zu Bréissel, déi sech netz esou begeeschtere loossen an der EU-Kommissioun béis, ganz béis Absichten ënnerstellen. Net datt ee sech net géif freeën, datt eise Jean Asselborn dann awer nach mat senger Ausso Recht hätt.

Fir dësen Accord, wou den offiziellen Text nach ëmmer net der Ëffentlechkeet zougängeg ass, brauch et nieft der Ratifizéierung duerch dat brittescht Parlament, och d‘Ratifizéierung duerch d‘EU-Parlament an d‘Memberlänner. Et ass elo schonn emol ausgeschloss, datt sech déi national Parlamenter wäerte bedeelegen, d‘Ënnerschrëft gëtt vun den Ambassadeure geleescht, Punkt.

Déi maachen dat awer selbstverständlech op uerder vun hire respektive Regierunge, mee dat als en demokratesche Prozess duerzestellen ass glat gelunn. Hei gëtt eenzeg an eleng no monetären a reng wirtschaftleche Kritären entscheet, dovunner verstinn déi Deputéiert an de Parlamenter näischt. Och d‘EU-Parlament muss sech bereet halen, dësen Accord ze ratifizéieren. Kontroll gëtt et also keng.

Bezunn op d‘Aussicht, datt et awer virun allem d‘Bierger vu Groussbritannien sinn, déi vun hirer Politik hannert d‘Liicht gefouert ginn, kéint et eis am grousse Ganzen egal sinn. Och d‘Majoritéit an de Chamber géif sech net dergéint opstellen, firwat et da wuel och egal ass, wien den Accord am Numm vu Lëtzebuerg ënnerschreift. Zudeem ass Covid19 an den Interessi um Brexit verflunn…

mat indymedia/bru/lon/par

Illustratioun: Tumisu / Pixabay

Related topics Brexit, EU-Kommissioun, Handelsofkommes, Leave EU, No Deal, Verhandlungen
Next post Previous post