Search

You may also like

dislike
War Machine geet einfach net wäit genuch
Neiegkeeten

War Machine geet einfach net wäit genuch

War Machine huet eng eenzel Szen, déi am Fong de

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018
Neiegkeeten

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018

De Summer 2018 war deen 2. wäermsten dee vun der

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie
Neiegkeeten

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg

Alles duerchduecht bei Concept+Partners!

Alles duerchduecht bei Concept+Partners!

Schonn 2 Wochen ass et hir, datt d’Restauranten nom Lockdown nees Gäscht empfänken dierfen. Duerch Restauranten, wéi d’Brauhaus, den Hitch oder och d’Fabrik kennen a léiwe mir Concept+Partners. Net nëmmen hir Gäscht, mee och si selwer freeën sech iwwert d’Reouverture, déi duerch e vertrauenswierdege sanitäre Plang méiglech gemaach konnt ginn. Nieft dem Qualitéitslabel „Safe to Serve“ sinn awer nach weider Moossnamen ergraff ginn, fir d’Sécherheet an d’Gesondheet bei all gesellegem Iessen ze garantéieren.

Nach virun der Erëffnung hunn d’Direkteren Jérôme Bigard, de Christophe Diederich an de Marc Fusenig all Etablissement an d’Memberen vu Concept+Family besicht, fir esou iwwert d’Situatioun ze diskutéieren an nei Gewunnechten anzestudéieren, déi et ab elo ëmzesetze gëllt. Heizou gehéiert – wéi kéint et anescht sinn – de reegelméissege Gebrauch vun Desinfektiounsmëttel, d’Distanz tëscht den Dëscher an d’Oftrennen duerch Plexiglas-Panneauen, sou wéi d’Opweise vun den noutwennege sanitäre Gesten duerch Affichen am ganze Restaurant.

Dobäi huet all Mataarbechter e Guide vun 20 Säite kritt, mat allen Instruktiounen. Esou sollen si begleet a konkret geleet ginn Eng nach méi spezifesch Versioun ass un d’Geranten gaangen.

Concept+Partners

Parallel dozou huet Concept+Partners Masken ausgedeelt, déi gewäsch kënne ginn. Si sinn agreabel ze droen, hu keen Eegegeroch a bidde soumat den ideale Komfort wärend dem ganze Service.

Eng weider Moossnam: D’Menüskaarte ginn et elo an digitaler Form an allen 12 Restauranten. De Client kann dobäi ganz einfach iwwert säi Smartphone déi gesamt Offer ofruffen a mat e puer wéinege Klicks seng Auswiel treffen. Wie kee Smartphone huet, dee kann en Tablet vu Concept+Partners notzen.

Wien sech a sengen eegene véier Wänn awer nach méi sécher fillt oder op der Aarbecht iesse wëll, dee kann seng Bestellung och mathuelen.

Glécklech doriwwer, datt ab elo nees 10 Persounen un engem Dësch dierfe sëtzen, freet sech Concept+Partners Iech an engem vun den 12 Restauranten empfänken ze dierfen.

Opmaacherbild: Ob wéi hei, am Parc Le’H zu Diddeleng (d’Foto ass vu virun der Pandemie), oder och an engem vun de sëllechen aneren Etablissementer, e richteg flotten Openthalt ass garantéiert! © Concept+Partners

Related topics Barrels, Brauhaus, Concept+Partners, Fabrik, Gesondheet, Hitch, Iessen fir Matzehuelen, Restaurant, sanitär Moossnamen, Schräinerei, Sécherheet, Siegfried
Next post Previous post