D’Barbie huet Gebuertsdag

Tatsächlech feiert déi bekannte Popp, mat de laange blonden Hoer a Been, haut hiren 63. Gebuertsdag.

Déi éischte Kéier, gouf si op der American Toy Fair zu New York präsentéiert – si hat nawell direkt Succès. An deen huet sech bis haut gehalen.

D’Barbie ass eng vun de meeschtverkaafte Poppe weltwäit an ee richtege Klassiker. Och hiert männlecht Géigestéck, de Ken ass eng « sougenannte » Barbie. Am Duerchschnëtt besëtzt all Meedchen (oder Jong) 7 Barbie-Poppen. Dës weideren ass d’Barbie eng Haaptfigur vun der Poppewelt.

Am November 2017 gouf déi éischt Popp mat Hidschab ugekënnegt, d’Verëffentlechung war 2018. Och bekannte Perséinlechkeeten aus der Geschicht, Politik oder Kultur ginn reegelméisseg a « Barbie a Ken-Form duergestallt.

Fir de Weltfraendag 2018 gouf eng Serie vun 19 inspiréierende Frae virgestallt. D’Zil dovunner war, de Meedercher d’Virstellung vun enger villfälteger Entwécklung ze präsentéieren. Ee Begleetheft huet d’Leeschtunge vun dëse Virbiller beschriwwen.

Och a Bicher huet déi berüümte Popp d’Haaptroll gespillt. Si ass iwwerall präsent. Zuelräich animéiert Filmer goufen op de Maart bruecht. Dobäi geet et meeschtens ëm Märercher a Fantasie-Geschichten, déi d’Kanner an och d’Elteren erfreeën.

Dernières nouvelles