Alles Guddes, Lauren Graham!

Um haitege Mëttwoch feiert déi kënneg US-Schauspillerin hier 55 Joer. Dobäi ass si virun allem fir hier berüümte Roll vum Lorelai Gilmore aus der Serie « Gilmore Girls » bekannt.

Mir hunn mat der Serie gelaacht a gekrasch, « Gilmore Girls » ass ouni Zweiwel Kult.

Dobäi ass d’Lorelai Gilmore déi elengerzéiend Mamm vum (Lorelai) Rory. Den Teenager huet 16 Joer, zesummen mécht déi ongewéinlech a kaffissüchteg Koppel hier Heemecht « Stars Hollow » onsécher.

Fir sengem Meedchen eng uerdentlech Schoulausbildung ze garantéieren, mécht d’Lorelai een Deal mat senge räichen Elteren. Si bezuelen d’Schoul, fuerderen awer reegelméisseg Besuch vun deenen zwee. Sträit ass virprogramméiert.

D’Serie bestécht duerch de Familljenzesummenhalt tëscht Mamm a Meedchen esou wéi den Awunner vun « Stars Hollow ». Déi amerikanesch Produzentin Amy Sherman-Palladino an hire Mann, wollten mat der Serie erreechen, datt d’Kanner sech mat den Elteren zesummesetzen, Gilmore Girls kucken a laachen.

Dës weideren ass d’Serie bekannt fir hier besonnesch schnell Dialoger – déi vill ënnerschiddlech Uspillungen op Literatur, Musek oder Politik enthalen.

Dernières nouvelles