Search

You may also like

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport
Kultur Neiegkeeten

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport

Lëtzebuerg wot éischt Schrëtt zeréck an d’Normalitéit. Ab e Méindeg,

Band of Horses um Siren’s Call 2019
Kultur Neiegkeeten

Band of Horses um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Patrimoine Roses pour le Luxembourg: Eng kleng Virstellung an eng nei Rous
Kultur Neiegkeeten

Patrimoine Roses pour le Luxembourg: Eng kleng Virstellung an eng nei Rous

De Motto vun dëser Associatioun ass, de Mënschen d’Rousestäck an

Alles Guddes un d’Ierfgroussherzogin Stéphanie!

Alles Guddes un d’Ierfgroussherzogin Stéphanie!

Haut gëtt et um groussherzoglechen Haff nees eng méi ze feieren: S.A.R. d’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag. Mir wënschen alles Guddes an ee fantastescht Fest.

Um 18. Februar 1984 ass d’Stéphanie de Lannoy an der Belsch gebuer ginn. Als Jéngst vun 8 Kanner ass si zesumme mat hire 7 Geschwëster an der Familljeresidenz zu Anvaing (Provënz Hainaut)vun den Elteren – dem Grof († 10.01.2019) an der Gräfin vu Lannoy, gebueren Alix della Faille de Leverghem († 26.08.2012) – opgewuess. Um 20. Oktober 2012 ass si an der Kathedral Notre-Dame mam Ierfgroussherzog Guillaume bestuet ginn.

Asaz fir Konscht a Kultur

Dem Stéphanie säin Engagement ass immens grouss: Net nëmmen ass eis Ierfgroussherzogin zënter Januar 2016 d’Presidentin am Verwaltungsrot vum MUDAM. Ma, och d’Associatioun Les Amis des Musées d’Art et d’Histoire du Luxembourg, sou wéi de Scienteens Lab stinn ënnert hirem Patronage. Säit kuerzem setzt si sech mat Blëtz Asbl fir Persounen an, déi een Hireschlag hat. Dobäi kënnt, datt d’Stéphanie scho säit bal 3 Joer d’Éierepresidentin a Virstandsmember vun De Mains de Maîtres, ee Veräin, dee vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an d’Liewe geruff ginn ass, fir d’Konscht zu Lëtzebuerg ze fërderen.

An der Fondation du Grand-Duc et de la Grand-Duchesse setzt d’Ierfgroussherzogin sech um nationalen Niveau fir schutzbedierfteg a benodeelegt Persounen an. Zil ass hei d’Integratioun an d’Aglidderung.

Bleiwe mir bei der Kultur, da sollt ee wëssen, datt d’Stéphanie sech schonn ëmmer fir klassesch Musek begeeschtert huet. Schonn als Kand duerft si, mat der Ënnerstëtzung vun den Elteren, Nouteliesen léieren, a sech uschléissend un de Piano, wéi och un d’Gei sëtzen. Ënnert anerem ass si awer och een aktive Member bei de Scouten, fiert Ski a geet schwammen.

Fir Mee 2020 erwaarden S.A.R. de Krounprënz Guillaume an S.A.R. d’Krounprinzessin Stéphanie hiert éischt Kand.

Opmaacherbild: © 2014 Cour grand-ducale / Christian Aschman

Related topics Alles Guddes, Belsch, Blëtz Asbl, Feier, Gebuertsdag, groussherzoglech Famill, Ierfgroussherzogin Stephanie, MUDAM, Stéphanie de Lannoy
Next post Previous post