Search

You may also like

MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen
Meenung Neiegkeeten

MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen

Déi summerlech Temperaturen halen sech, a wat deem enge seng

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!
Meenung Neiegkeeten

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!

No der Rommwiss an dem Séi zu Wäisswampech konnt elo

E Buchtipp: Dës Wierker vum Blake Crouch sollt Dir kennen!
Meenung Neiegkeeten

E Buchtipp: Dës Wierker vum Blake Crouch sollt Dir kennen!

Haut gëtt et net nëmmen e Buchtipp – mee direkt

Kommentar: Alles mat der Rou

Kommentar: Alles mat der Rou

Nodeems sech de Premier Ufank Juli mam Covid19 infizéiert hat an ee kuerzen Openthalt am Spidol hannert sech bruecht huet, hält hien nees d‘Regierungsrudder fest am Grëff. Dobäi sollt, esou zumindest des Avis vum medezinnesche Corps, hie sech nach eppes schounen. Mee als Premierminister huet esou seng Verflichtungen, an béides, also sech Schounen an op alle Fronte present sinn geet wuel och net.

Elo kann een et fir lueflech halen, datt de Xavier Bettel e „Couragéierten“ ass, an esou gëschter engersäits beim Vott vum neie Covid19-Gesetz an der Chamber war, uschléissend no de Leit déi duerch d‘Héichwaasser geschiedegt goufen, gekuckt an och um ausseruerdentleche Regierungsrot, am Nomëtteg deelgeholl huet, mee heescht net awer, datt d‘Gesondheet Virrang huet? Et ass scho widderspréchlech dat Ganzt.

A wann een elo nach ka guttheeschen, datt et bestëmmt Leit huet, déi sech iwwert dem Premier seng Presenz „op der Plaz“ gefreet hunn, vill méi dierften d‘Leit sech iwwert déi exzellent Aarbecht vun de Rettungsdéngschter an der Police gefreet hunn, déi jo elo och vun eisen Zaldoten tatkräfteg gestäipt ginn. Si sinn eis „Helden an der Nout“ an et ass hir Presenz déi eis gëschter wéi haut wichteg ass. Si bidde méi wéi Trouscht…

Foto: © CGDIS

Related topics CGDIS, Marketing, Naturkatastroph, Onwieder, Politik, Premierminister, Staarkreen, Xavier Bettel
Next post Previous post