Search

You may also like

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?
Meenung Neiegkeeten

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?

De geféierlechen TR4 Pilz bedreet den Ubau vun der Banann

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech
Meenung Neiegkeeten

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech

Wien ëfters duerch Ettelbréck trëppelt, weess, datt och d’Foussgängerzon an

money
Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg
Meenung Neiegkeeten

Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg

Engem ganze Secteur opzëerleeën seng Aktivitéiten op den allerstriktste Minimum

Mobbing-Virwërf am CHEM: „alles nees gutt?“

Mobbing-Virwërf am CHEM: „alles nees gutt?“

Bei de Kolleege vum Honnertkommasiwen, war en Dënschdeg den neien Direkter vum Escher Spidol (CHEM), Dr. René Metz, den Invité vum Dag. An dësem Kontext ass et nach emol ëm déi d‘lescht Joer opgetruede Mobbing-Virwërf am Haus gaangen.

Aus dem Interview geet ervir, datt et wuel eppes Diskrepanzen iwwert déi lescht Jore ginn huet. Esou hätten d‘Kader hir Féierungsroll eppes mëssinterpretéiert wat zu Spannunge gefouert huet. Zanter hien elo viru gutt véier Méint d‘Rudder iwwerholl huet, a mat allen déi och bereet ware mat him ze schwätzen, geschwat hätt, wier et elo méiglech eng Rei Conclusiounen ze zéien.

Et heescht dann och, datt elo méi Leit an d‘Decisiounsprozesser agebonne wieren. Bei der dozou bäigefüügten Ausso “…wou e Gläichgewiicht besteet tëscht der Direction médicale, der Direction des soins, der Direction administrative, an de Resources humaines, wou am Fong all déi leit eng Echange-Kultur nei solle liewen. An ech mengen datt mer do e grousse Schrëtt viru komm sinn”. Stellen eng Rei Froen.

Zum engen, ass et ze begréissen, datt et um Niveau vum Management esou eppes wéi ee Konsens huet, zumindest léisst sech „Gläichgewiicht“ esou interpretéieren. De Problem am Kontext vum „Mobbing“ awer geet, oder ass zumindest, vum Management ausgaangen. Firwat et do net heescht, datt een och d‘Personaldelegatioun mat un den Dësch agelueden huet, fir hinnen d‘Méiglechkeet ze gi matzeschwätzen, onverständlech.

Et sollt zudeem och vun der Geleeënheet profitéiert ginn, nach emol drop hinzeweisen, datt eng Entreprise /Institutioun déi hir Mataarbechter als „Ressource“ gesäit, mindestens en ethesche Problem huet. Esou kéint een de Patient jo och direkt als eent zur Veraarbechtung zougedroe Produkt bezeechnen, vu datt dëse jo streng geholl just enger Déngschtleeschtung zougefouert gëtt.

A grad vu Medezinner soll ee sech erwaarden dierfen, datt d‘Wäitsiicht esouwäit gelaangt, fir ze wëssen, datt Mënsche wou aus Grënn widderwëlleg op d‘Schaff ginn, iergendwann och krank ginn. Zudeem ass net dovunner auszegoen, datt de Management muer mat der Biischt iwwert de Gank rennt, dem Patient de Verband wiesselt an aneres méi. Un Attraktivitéit feelt et de Beruffer och.

Wann een also weess datt et schlecht ëm d‘Ressource bestallt ass, sollt een mengen datt och gewosst ass, datt et Changementer brauch. An dat net emol zwéngend an der Pai, do si mir zu Lëtzebuerg jo éischter gutt opgestallt. Nee, haut brauch et och ee Matsproocherecht vum Personal, wat jo dank der Personaldelegatioun liicht an einfach ze instauréiere wier. Dat Här Dr. Metz, wier eng Verbesserung.

Illustratioun: © Amireeza Jambi / unsplash

Related topics CHEM, Dr. René Metz, Kommentar, Management, Mobbing, Personaldelegatioun, Spidol
Next post Previous post