Search

You may also like

„Écrivains de Frontières“: Iwwert Schrëftsteller a Palestina
Neiegkeeten

„Écrivains de Frontières“: Iwwert Schrëftsteller a Palestina

De 14. Januar presentéiert de Circolo Curiel de franséischen Documentaire „Écrivains

Si hunn de Reen geséit…
Neiegkeeten

Si hunn de Reen geséit…

Och um Samschdeg huet déi israelesch Arméi hir Vergeltungsschléi géint

Daily Nectar – Eppes fir sech dran ze verléiwen!
Neiegkeeten

Daily Nectar – Eppes fir sech dran ze verléiwen!

Wéi all Joer huet och 2020 d’Totenhopfen Brauhaus nees nei

Als Au-Pair zu Lëtzebuerg – e kulturellen Echange fir Jonker a Gaaschtfamillen

Als Au-Pair zu Lëtzebuerg – e kulturellen Echange fir Jonker a Gaaschtfamillen

De Programm Au-Pair Lëtzebuerg kréie jonk Erwuessener d’Méiglechkeet eng besonnesch Erfarung ausserhalb vun der Heemecht ze liewen an temporär zu Lëtzebuerg ze wunnen. Fir d’Famillen, déi en Au-Pair ophuelen, bedeit d’Participatioun, e Beitrag zur kultureller Diversitéit ze leeschten, e linguisteschen a kulturellen Austausch ze bidden an als Géigenzuch am Haushalt, wéi och bei der Kannerbetreiung ënnert d’Ärem gegraff ze kréien.

Jonk Persoun tëscht 18 an 29 Joer kënne fir eng maximal Dauer vun 12 Méint bei enger Gaaschtfamill opgeholl ginn, an där si 25 Stonne pro Woch bei de familiären Tâche mathëllefe mussen. Dobäi këmmert sech den SNJ dorëm, datt de legale Kader agehale gëtt, a béid Säiten de Programm respektéieren.

Fir interesséierte Jonken a Famillen elo nach méi ee liichten a besseren Zougang zu den Informatiounen ze bidden, ass d’Säit www.au-pair.lu komplett iwwerschafft ginn. Op ee Bléck fënnt een elo d’Virdeeler, d’Konditiounen, Erfahrungsberichten, sou wéi och een Online-Test fir potentiell Gaaschtfamillen an Au-Pairen.

Au-Pair

Related topics AuPair au Luxembourg, Diversitéit, Erfarung, Gaaschtfamill, Kannerbetreiung, Kultur, SNJ, Sproochen
Next post Previous post