Search

You may also like

Run – Loscht op en Thriller u Mammendag?
International Neiegkeeten

Run – Loscht op en Thriller u Mammendag?

Ob et sech beim Film „Run“ elo ëm Horror oder

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss
International Neiegkeeten

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss

Zu Denver (Colorado) ass den 18 järege Schüler Devon Erickson

Chrëschtdag schonn eppes vir? Wéi wier et mam Zürecher Bal?
International Neiegkeeten

Chrëschtdag schonn eppes vir? Wéi wier et mam Zürecher Bal?

No deem risegen Erfolleg 2018, organiséiert de Studentencercel vun Zürech

SAF: Fir alternativ nohalteg Kraaftstoffer an der Aviatioun

SAF: Fir alternativ nohalteg Kraaftstoffer an der Aviatioun

Mat engem Schreiwes positionéieren den Transportminister François Bausch a seng Homologen sech fir d’Notzung vu sougenannte Sustainable Aviation Fuels (SAF), also nohaltegen an alternativen Fluchkraaftstoffer. E puer Fuerderungen un d’Europäesch Kommissioun ginn et awer och.

Wëll een eng méi nohalteg an emissiounsfräi Welt erschafen, ass et onerlässlech de Secteur vun der Aviatioun mat anzebezéien. D’SAF’e sollen am Vergläich zu fossille Kraaftstoffer nämlech bis zu 80% manner Emissiounen mat sech bréngen. Ass d’Situatioun duerch déi aktuell Pandemie och schwiereg anzeschätzen, soll de Loftverkéier an den nächste Joren weltwäit weider wëssen, wouduerch och de Verbrauch u Kraaftstoff an d’Luucht geet. Aktuell solle pro verbrauchter Tonn Keroseng ganzer 3,15 Tonnen CO2 ausgestouss ginn.

Bei dësen alternative Fluchkraaftstoffer ginn et mëttlerweil verschidde Generatiounen. Déi éischt Generatioun huet sech op planzlech Ueleger bezunn, wärend déi zweet Generatioun, déi op Biomass aus Offall setzt, haut am meeschte verbreet ass. Bei der drëtter e véierter Generatioun ginn aus regenerativen Energien alternativ Kraaftstoffer produzéiert.

Fir d’EU-Memberstaaten Dänemark, Finnland, Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, Holland, Spuenien a Schweden ass d’Notzung vun SAF’en eng vun den am Beschten ëmsetzbaren an effikasse Weeër ass, fir d’Effekter op de Klima an dësem Secteur a kuerzer Zäit ze reduzéieren. Esou soll den ekologesche Foussofdrock verklengert, manner CO2 ausgestouss an soumat d’Klimaziler erreecht ginn.

Technologesch ass et elo scho méiglech déi alternativ Kraaftstoffer bäizemëschen. Déi aktuell Infrastruktur un de Fluchhäfen wier och ausräichend a Fluchgesellschafte géifen net mat signifikanten Ännerunge bei hiren Operatioune betraff ginn.

An dësem Kader gëtt am Schreiwes vun der EU-Kommissioun gefuerdert, dass d’Offer gefërdert gëtt a méi SAF’en an der EU genotzt ginn. D’Potential vu syntheteschem Kraaftstoff an nohaltegem Biokraaftstoff wier do.

Dës weideren ruffe si d’Kommissioun op duerch Finanzéierungsprogrammer am schonn existente finanzielle Kader d’Verständnis fir nohalteg Fluchkraaftstoffer ze stimuléieren an ze intensivéieren.

Hei fannt Dir hiert offiziellt Schreiwes op Englesch:

Joint Statement on Sustainable Aviation Fuels – Supported by Denmark, Finland, France, Germany, Luxembourg, the Netherlands, Spain and Sweden

Despite the current pandemic and its unprecedented impacts on the aviation industry, it is of the utmost importance that economic recovery does not lead to backsliding in the reduction of greenhouse gas emissions. Recovery should go hand in hand with accelerating the environmental transition of the industry in order to achieve Europe’s climate goals and to make aviation more resilient and future-proof.

Sustainable aviation fuels (SAF) will have a significant role in reducing the carbon footprint of the aviation sector in the coming decades. Technologically, drop-in use of SAF through blending is already possible. The current infrastructure at airport level is sufficient so that airlines are not confronted with significant changes to their operations and a blending mandate can be implemented quickly. We, the above-mentioned Member States, see the use of SAF as one of the most achievable and effective pathways to reduce the climate effects of the aviation sector in the short term.

We therefore:

Support the aim of the European Commission to boost the supply and demand for SAF in the EU so as to create favorable conditions in order to ramp up the production and deployment of SAF based on robust sustainability criteria. The potential of synthetic aviation fuels, in addition to advanced sustainable biofuels is clear. The challenge is to make use of the current momentum by providing for a clear long-term perspective so as to contribute to a scalable SAF marketplace. A European blending mandate for SAF can achieve this

Call upon the European Commission to further stimulate and incentivize the uptake of sustainable aviation fuels, including synthetic fuels, through funding programmes under the existing financial framework.

Welcome the ReFuelEU Aviation initiative as a starting point for further EU coordination so as to ensure an integral and effective long-term agenda on sustainable aviation. 


Mr. Engelbrecht, Minister of Transport, Denmark
Mr. Harakk, Minister of Transport and Communications, Finland
Mr. Djebbari , Minister of State for Transport, France
Mr. Scheuer, Minister of Transport and Digital Infrastructure, Germany
Mr. Bausch, Minister for Mobility and Public Works, Luxembourg
Mrs. Van Nieuwenhuizen, Minister of Infrastructure and Water Management, The Netherlands
Mr. Pedro Saura,  Secretary of State for Transport, Spain
Mr. Eneroth, Minister of Infrastructure, Sweden

Opmaacherbild: © MA510 / Unsplash

Related topics alternativ Fluchkraaftstoffer, Aviatioun, CO2-Ausstouss, Fluchverkéier, Francois Bausch, Nohaltegkeet, SAF, Sustainable Aviation Fuels
Next post Previous post