Search

You may also like

Biergerbedeelegung – Fundamentaalt Ëmdenken erfuerdert
Kultur Neiegkeeten

Biergerbedeelegung – Fundamentaalt Ëmdenken erfuerdert

Et war schonns déi véiert Biergerversammlung zum Thema „Gellé Strooss“

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister
Kultur Neiegkeeten

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Bei enger éischter Entrevue tëscht dem OGBL an dem neien

Wëllkomm am Land: 5026 Persoune kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit
Kultur Neiegkeeten

Wëllkomm am Land: 5026 Persoune kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit

Vergaangene Mëttwoch huet de Stater Gemengen- a Schäfferot seng nei

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!

Support: Yin Yin (NL)

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!

Et ass türkesche Psychedelic Rock, zu deem een einfach wibbele muss. Mat der Band Altin Gün (Goldegen Dag op Tierkesch) gëtt ee Mix vu Kläng gebueden, déi ee sécher schonn emol separat vuneneen héieren huet, awer nach ni an dëser extravaganter Konstellatioun. Een Erliefnis fir d’Oueren waart op Iech!

Altin Gün kënnt vun Amsterdam an huet seng Inspiratioun aus der déiwer Passioun vum Grënner a Bassist Jasper Verhulst fir tierkesche Folk a Psychedelic gezunn. „D’Lidder stamen aus enger laanger Traditioun. Et ass Musek. Déi probéiert, eng Stëmm fir vill aner Mënschen ze sinn.“

Altin Gün

Nom Debutalbum On aus dem Joer 2018 ass Altin Gün um 26. Abrëll 2019 mam zweeten Album Gece zeréck komm. Mam neie Material etabléiere sech d’Bandmembere fest als meeschterhaft Interprete vum anatolesche Rock- a Folkloreierwen, wéi och als féierend Stëmm an der opstriewender globaler Psych-Zeen. D’Musek representéiert tierkesch Geschicht op Elektronesch, duerchdronge vum intensive Rausch vum 21. Joerhonnert, voller funkeger Grooves an explosive Strukturen.

Wéi, wat a wou?

Altin Gün spillt e Freideg, de 14. Februar zesumme mat Yin Yin an der Kulturfabrik. D’Diere maachen um 19:30 Auer op. Den Ticket kascht am Virverkaf 20 € (+ Fraisen), un der Oweskeess kascht en 24 €. Kuckt laanscht ënnert www.kulturfabrik.lu oder www.ticket-regional.de.

Related topics Altin Gün, Amsterdam, Band, Folk, Gece, Musék, Psychedelic, Rock, Tierkei, Yin Yin
Next post Previous post