Search

You may also like

USA: Wann d‘Liwwerketten ënnerbrach sinn
Neiegkeeten

USA: Wann d‘Liwwerketten ënnerbrach sinn

D‘Regaler an den amerikanesche Supermarchéë fänken un eidel ze ginn,

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?
Neiegkeeten

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?

[onionbuzz quiz-id=182][/onionbuzz] Wéi all Woch hu mer och haut erëm

Assistenz-Dokteren am Widderstand
Neiegkeeten

Assistenz-Dokteren am Widderstand

Matten an der sanitärer Kris sollt een sech et net

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma

Et ass een eenzegaartegt Event an der Groussregioun. Hei kritt dir d’Geleeënheet bei Demonstratioune vu ville Produiten dobäi ze sinn, déi net nëmmen nei mee och exklusiv a Saachen Toun a Bild sinn. Eng Rei Marken an Hiersteller wäerten, nieft Representante fir Gespréicher, op der Plaz sinn.

Ze feieren ass awer och den 10. Gebuertsdag vu Cinémotion, Spezialist a Saachen Audio a Video, an Organisateur vum Salon. Wien hätt 2008 geduecht, datt eng kleng Entreprise esou een Wee zeréck leeë kéint, an enger Welt wou alles méi séier viru geet an de Kontakt tëschent de Leit ëmmer méi erof geet? Et wier also eng immens Freed ee grousst Publikum un dësem Owend untreffen ze kennen.

Zuelräich Animatiounen an Iwwerraschunge kann een un dësem Dag erliewen

Folgend Marke wäerte vertruede sinn: NAD, Kef, JVC, Sony, Dali, Klipsch, Yamaha, Klinger Favre, Artnovion, LG, Panasonic, Onkyo, Denon, Triangle, Cambridge Audio, Pro Ject, Epson, Acer, Canton, MS Acoustic, Jean-Marie Reynaud, Atoll, Supra, Fyne Audio, Atacama, Marantz, Emotiva, SVS a vill méi.

Besonnescht Highlight ass den Dolorean, mat deem dir eng Rees duerch d’Zäit ënnerhuele kënnt. Donieft ginn awer och Dronencoursen ugebueden, Entdeckung vu Retro Gaming (Atari, Pong, Nintendo,…) an Animatiounen zum Thema Star Wars.

Den Entrée ass gratis an de Salon ass vir déi ganz Famill ausgeluecht, souguer mat 600 gratis Parkplazen. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Den Event fënnt am Casino 2000 statt (5, rue Théodore Flammang, L-5618 Mondorf-les-Bains).

Méi Informatiounen ginn et um Site.

Related topics Casino 2000, Dolorean, Hifi, Homecinema, Presentatioun, Star Wars
Next post Previous post