Search

You may also like

Ee Joerzéngt „Musikbazar“
Neiegkeeten

Ee Joerzéngt „Musikbazar“

Den Occasiounsmaart fir Instrumenter huet sech längst an der Groussregioun

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“
Neiegkeeten

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“

Wann d‘Angscht grouss war, datt et méiglecherweis net méiglech kéint

Ungaresch Journalisten a Mënscherechtler ausspionéiert
Neiegkeeten

Ungaresch Journalisten a Mënscherechtler ausspionéiert

Wann et sécherlech méi EU-Länner huet, déi sech de Programm

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt

Iert de 24. Dezember déi siwent Modifikatioun vum Covid19-Gesetz gestëmmt ginn ass, hat den Educatiounsminister Claude Meisch (DP), d‘Schüler, hir Elteren an d‘Enseignanten opgeruff sech wann ech gelift testen ze loossen, iert d‘Schoul den 11. Januar nees ufänkt. Zu dësem Zweck goufen dann och ronn 120.000 Aluedunge verschéckt. Et gouf geroden sech „bäi ze maachen“…

Elo ass déi éischt Schoulwoch 2021 scho bal Geschicht an elo leien dann och d‘Zuele fir, an déi sinn zimmlech erniichterend. Vun alle 4 bis 19 järegen déi ageluede goufen, virun der Reprise e Covid19-Test iwwert sech ergoen ze loossen, hunn – esou d‘Zuele wéi se virleien – 24,2% dem Appell vum Minister Rechnung gedroen. Bei de „Mataarbechter“ waren et dann awer 41%.

Dës Resultater bezéien sech op déi bis leschte Sonndeg zesummegedroen Erhiewungen. Allerdéngs leeft dës Aktioun nach bis haut, an do kann sech nach eppes gedoen hunn. Et ass erlaabt drun ze erënneren, datt bei der 1. Campagne bal 40% vun de Schüler an eng 60% vun den Enseignanten, positiv op d‘Aluedung reagéiert hunn. Firwat déi lescht Campagne net esou erfollegräich war?

Zu dësem Punkt weist sech den Educatiounsministère „verknäppt“. Dofir kann ee Versteesdemech hunn, well natierlech kënnen d‘Beamten net de Leit an de Kapp kucken, an et dierf och nach emol drop higewise ginn, datt den Test fräiwëlleg ass. Bei dëser Campagne goufen 20 Mataarbechter an 106 Schüler positiv getest. Ouni d‘Invitatioun wieren déi vläicht onentdeckt bliwwen, heescht et.

Illustratioun: Mat der Mask an d‘Schoul a gutt ass et? © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Claude Meisch, Covid19-Test, Educatiounsministère, Enseignanten, Mataarbechter, Schüler
Next post Previous post