Search

You may also like

International Neiegkeeten

Konditiounen-Gewennspill2018

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Defibrillatoren fir d’Stad Esch – Déi éischt Serie ass installéiert
International Neiegkeeten

Defibrillatoren fir d’Stad Esch – Déi éischt Serie ass installéiert

D’Stad Esch huet dës Woch déi éischt ëffentlech zougänglech Defibrillatoren

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?
International Neiegkeeten

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Datt den Tram an der Stad fir onbequem Situatioune Suergt,

Frankräich: Op en Neits gouf ee Jugendlechen ëmbruecht

Frankräich: Op en Neits gouf ee Jugendlechen ëmbruecht

Bannent engem Mount hunn am Frankräich dräi jonk Mënschen hiert liewe verluer, ee Bouf vu 14 Joer wäert liewenslaang vu senger Blessure gezeechent sinn. Den 22. Februar hat et en éischt Affer ginn: d‘Lilibelle war e Meedche vu grad emol 14 Joer. Säi Feeler, hat hat sech tëscht rivaliséierend Bande gestallt. Den Dag drop, e weidere 14 järege gëtt am selwechten Departement (Essonne) bei enger Ausenanersetzung tëscht zwou Banden erstach.

Gëschter Freideg, zu Bondy (Seine-Saint-Denis) ass et virum „Espace Nelson Mandela“ um 17 Auer zu enger weiderer Dot géint e jonke Mann komm. Zwou Persounen – d‘Police geet dovunner aus datt et sech hei och ëm Männer gehandelt huet – ware mat engem Scooter bei de Fräizäitzenter komm, an hu geziilt op d‘Affer d‘Feier erëffent. Dat jonkt Affer vu 15 Joer ass wuel nach séier mam Helikopter an d‘Spidol geflu ginn, sollt et awer net iwwerliewen.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Bermix Studio / unsplash

Related topics Dout, Frankräich, Gewalt, Jugendbanden, Jugendlecher, Ofrechnung
Next post Previous post