Search

You may also like

money
Reklamm fir Wueren déi net essentiell sinn
Neiegkeeten

Reklamm fir Wueren déi net essentiell sinn

De LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, deen och de Rapporter vun

Zyklon Idai: Dokteren ouni Grenzen zéien en éischte Bilan
Neiegkeeten

Zyklon Idai: Dokteren ouni Grenzen zéien en éischte Bilan

Nom Zyklon Idai an den dozougehéierenden Iwwerschwemmungen am Oste vun

Europäesch Wärungsunioun – D’Stabilitéitsbedingunge festegen
Neiegkeeten

Europäesch Wärungsunioun – D’Stabilitéitsbedingunge festegen

Gëschter huet d’Europa-Unioun Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der Vertriedung

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn

Um Mëttwoch sinn am Inneministère 11 nei Buergermeeschter an 23 Schäffe vum Minister vereedegt ginn. Hiren Eed: „Ech schwieren dem Grand-Duc trei ze sinn, d‘Verfassung an d‘Gesetzer vum Land anzehalen, a mat Äifer, Genauegkeet, Integritéit an onparteiesch déi Funktiounen ze erfëllen déi mer uvertraut ginn“ hu geleescht:

Fir d‘Gemeng Biekerech ass als Buergermeeschter  den Tierrry Lagoda ernannt, als Schäffe de Claude Loutsch an de Marco Fassbinder. Fir Luerenzweiler sinn de Jos Roller als Buergermeeschter an d‘ Marguy Kirsch-Hirtt souwéi den Arno Mersch als Schäffen ernannt. Zu Mamer ass de Gilles Roth Buergermeeschter, als Schäffe sinn ernannt de Roger Negri an de Marcel Schmit.

Zu Mäertert ass als Buergermeeschter ernannt de Jérôme Laurent, an d‘Funktioun als Schäffen iwwerhuelen de Lucien Bechthold an Nadine Boever. Fir Munneref sinn ernannt de Lex Delles (Buergermeeschter) an d‘Häre Steve Reckel a Steve Schkleck (Schäffen). De Ramond Weydert ass Buergermeeschter vu Nidderaanwen an als Schäffe goufen ernannt de Jean Schiltz an de Fred Ternes.

Fir Noumer goufen ernannt de Jean-Pierre Mühlen (Buergermeeschter) an d‘Häre Franco Campana a Bernard François Nicolas Jacobs (Schäffen). Zu Péiteng ass Buergermeeschter de Pierre Mellina, an d‘Schäffe sinn de Jean-Marie Halsdorf, d‘Raymonde Conter-Klein an de Romain Mertzig.

Am Préizerdaul ass de Marc Gergen Buergermeeschter, d‘Posten als Schäffe ginn un de Rene Zigrand a Marc Groben. Zu Pëtscht goufen ernannt de Roger Zanter (Buergermeeschter), d‘Conny Hermes-Kanivé an d‘Fabienne Sinnes-Huberty (Schäffen). Fir Réiser ass als Buergermeeschter ernannt de Tom Jungen, als Schäffe goufen d‘Marianne Pesch-Dondelinger an d‘Renée Quintus-Schanen vereedegt.

Related topics Dan Kersch, Gemengewahlen 2017, Inneministère
Next post Previous post