Search

You may also like

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville
Neiegkeeten

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Wéi d‘Police matgedeelt huet, si während engem Videospill-Tournoi zwou Persounen

Weider Upassungen am ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Weider Upassungen am ëffentlechen Transport

Déi aktuell Ausbreedung vum neiaartege Coronavirus Covid-19 zwéngt den ëffentlechen

D’Geschicht vun de Schoulen aus de Gemengen Jonglënster a Roudemer
Neiegkeeten

D’Geschicht vun de Schoulen aus de Gemengen Jonglënster a Roudemer

D’Gemeng Jonglënster ass houfreg matdeelen ze kënnen, datt dem René

Wat am neie Covid19-Gesetz virgesinn ass

Wat am neie Covid19-Gesetz virgesinn ass

Am Kontext vum Pressebriefing waren de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch op déi envisagéiert Lackerunge agaangen, déi – wann se vun der Chamber esou ugeholl ginn – ab ee Sonndeg 16. Mee kéinten a Kraaft trieden.

  • Horesca-Secteur: Tëscht moies 6 an owes 22 Auer, sollen nees bis zu véier Persounen un engem Dësch am Restaurant Plaz huelen dierfen. Datt awer nëmmen dann, wann een dem Wiert: en negative PCR-Test (manner wéi 72 Stonnen al); een zertifiéierte Schnelltest (dee muss da manner wéi 24 Stonnen al sinn); ee Selbsttest (dee muss zwéngend op der Plaz gemaach ginn). Beim Besuch vun den Terrasse wier dat net néideg. Den Alkoholverbuet am Ëffentleche Raum (Terrassen ausgeschloss) bleift awer bestoen;
  • Kultur: D‘Restriktioune fir d‘Museker (maximal ee Quartett) falen ewech. Fir all déi aner bleiwen se bestoen, woubäi et dobausse bis zu 40 Museker erlaabt ass zesummenzespillen, wann ee Sécherheetsofstand vu mindestens 2 Meter tëscht den Intervenante kann agehale ginn;
  • Privatsphär: Et soll een nees bis zu véier Persounen aus ënnerschiddleche Menage bei sech empfänken dierfen; respektiv een eenzegen anere Menage, wann dësen aus méi wéi véier Persoune besteet;
  • Spärstonn: De Verbuet sech am Ëffentleche Raum opzehalen, gëtt ëm eng Stonn no hanne verluecht. D‘Spärstonn gëllt da vu Mëtternuecht bis moies 6 Auer;
  • Sport: Fir déi Jong (ënner 19 Joer) ginn d‘Restriktioune generell opgehuewen. Dat gëllt och fir Gruppe vu maximal véier Leit ouni Altersbegrenzung, dann awer just fir den Training. An d‘Schwämm soll een och nees dierfen, mee et muss eng Mindestfläch vun 10M²/Persoun agehale ginn;
  • Versammlungen: Wann et Sëtzplazen huet, dierfe bis zu 150 Mënschen zesummekommen. Et gëllt allgemeng eng Maskeflicht an ee Mindestofstand vun 2 Meter tëscht de Leit.

Dat sinn emol déi Mesuren, wou vun der Regierung envisagéiert ginn an am neie Covid19-Gesetz hir Plaz fanne sollen. Schonn e Freideg kéint d‘Chamber dëst neit Gesetz beroden an doriwwer dann och ofstëmmen. Applikabel wier d‘Gesetz dann ab dem 16. Mee.

Illustratioun: © Pierre Châtel-Innocenti / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Lackerungen, Oplagen, Pandemie, Risiko, Selbsttester
Next post Previous post