Search

You may also like

Alles Guddes fir den Ierfgroussherzog Guillaume!
Neiegkeeten

Alles Guddes fir den Ierfgroussherzog Guillaume!

Haut kann déi ierfgroussherzoglech Koppel de Gebuertsdag vum Prënz Guillaume

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché
Neiegkeeten

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché

Et kommen erëm gutt Noriichten vum Aarbechtsmaart. D’ADEM stellt an

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën
Neiegkeeten

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën

Delphi Lëtzebuerg, en amerikaneschen Ausrëschter fir d‘Automobilindustrie, verdéngt net méi

Am Schleekentempo géint d’Klimakris

Greenpeace fuerdert vun der Lëtzebuerger Regierung, d‘Investissementer vum Pensiounsfong an fossil Brennstoffer ze beendegen

Am Schleekentempo géint d’Klimakris

Nodeems eis viru 14 Deeg keng aner Wiel bliwwen ass, wéi unhand dem leschten IPCC-Bericht ze erklären, datt de Klima „futsch ass“, sollt dat net bedeiten, datt een et elo kéint lafe loossen. A well d‘Politik ëmmer nees muss op en Neits motivéiert ginn, huet dann elo Greenpeace Lëtzebuerg nees e puer Fuerderungen un d‘Adress vun der Regierung gestallt. Déi dierft sech domat schwéier doen.

Dat aus guddem Grond. A senger parlamentarescher Fro (4676) hat den Deputéierte vun déi gréng, Charles Margue beim Sozialminister Romain Schneider (LSAP) nogefrot, wou een dann elo mat der Mise en Konformitéit dru wier, esou wéi se mat enger am Dezember vun der Chamber gestëmmte Motioun – am Kontext vun de klimateschen Zilsetzungen – vun der Regierung gefuerdert ginn ass.

Säitens dem Minister, dee keng gutt Nouvelle konnt virleeën, ass sech an der Äntwert nees op dee bescht bekannte „Mokuchsdag“ bezu ginn. Woubäi et heescht, datt gewësse Recommandatiounen an der tëscht vum Verwaltungsrot ugeholl, awer nach net ëmgesat goufen. 2022 soll et zudeem eng déifgräifend Analys a sech 2023 zur Investitounsstrategie vum Fënnefjoresplang geäussert ginn.

Am Kloertext heescht dat: „… den Zoustännege Minister Romain Schneider bleift kloer Äntwerte schëlleg, wéi de Pensiounsfong seng Investitioune mam Paräisser Klimaofkommes wëll an Aklang bréngen“. Méi wéi dann awer vun dësem Minister verlaangen, datt de Pensiounsfong bei der genannter Iwwerpréiwung vun der Investitiounspolitik muss méi Ambitioune weisen, gëtt leider net.

Eng Fro vu Kredibilitéit

Datt et – wéi et vu Greenpeace Lëtzebuerg duergestallt gëtt – eng Fro vun der Glafwierdegkeet ass, sech als zur Klimaneutralitéit däitlech positionéiert Regierung, vun den erwisene klimaschiedlechen Investitiounen ze verofschidden, schéngt der Politik am allgemengen, an dem Minister Romain Schneider am speziellen, awer eppes ze séier ze goen. Si schéngen hei net kenne Schratt ze halen…

An d‘Myrna Koster, Campaignerin fir Klimagerechtegkeet bei Greenpeace Lëtzebuerg, stellt dozou fest: „Obwuel mir derzäit weltwäit déi verheerend Folge vum Klimawandel erliewen, investéiert de Pensiounsfong weider a klimaschiedlech Entreprisen a verfollegt keng éiergäizeg Strategie a Punkto Nohaltegkeet“. An dëst Geld dat investéiert gëtt sinn d‘Sozialbeiträg vun de schaffende Mënschen.

Nach am Joer 2020 gouf et Investitiounen an d‘Kuel, obwuel bekannt ass, datt sech 47% vun der Bevëlkerung géint dës „Geschäfter“ stellt. Déi marginal Fortschrëtter, entspriechen also net emol am Usaz den eegene Ziler an scho guer net de stännegen Aussoen/Verspriechen déi wéi eng Leier, bei ville Geleeënheete widderholl ginn. Ouni de Pensiounsfong ze verflichte wäert et net goen.

Si maachen de Geck mat de Leit

D‘Regierung geet wuel dovunner aus, dat d‘Bierger d‘Léisung sinn. Si hätten aktiv géint dës Kris virzegoen. Woubäi all d‘Bierger kënnen net gemengt sinn, a wierklech motivéierend ass den Appell u sech och net, wann „déi do uewen“ net mam gudde Beispill virginn, an sech wirtschaftlech weider der klimaschiedlecher Wirtschafts- an Energiepolitik verflicht fillt. Et geet och hei ëm Privilegien.

Trotzdeem erwaart sech Greenpeace vun der Regierung, déi Investitiounsrichtlinnen, zu deenen sech déi Lëtzebuerger Regierung mat der Ënnerschrëft ënner de Paräisser Klimaofkommes verflicht huet, anzehalen. „Mir kënne keng fënnef oder zéng Joer waarde bis de Pensiounsfong handelt. De Klimawandel ass ganz reell a seng Auswierkunge loossen sech op der ganzer Welt observéieren, och hei zu Lëtzebuerg“, esou d‘Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg, déi nach feststellt:

„D‘Regierung muss elo eng konsequent Decisioun huelen. Si muss déi noutwenneg Schrëtter aleeden, fir datt de Pensiounsfong seng klimaschiedlech Investitiounen astellt, fir endlech mam Paräisser Klimaofkommes konform ze ginn“. Ob an a wéi engem Mooss d‘Regierung gewëllt ass, an et iwwerhaapt d‘Moyenen an/oder de Wëllen huet hei wirtschaftlech anzegräifen, weess keen…

Foto: © Sara Poza / Greenpeace Lëtzebuerg

Related topics fossil Brennstoffer, Greenpeace Lëtzebuerg, Investitiounen, Paräisser Klimaofkommes, Pensiounsfong, Romain Schneider, Sozialminister
Next post Previous post