Search

You may also like

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
International Neiegkeeten

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

[onionbuzz quiz-id=105][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit.

Ee Minister ass kee Mathematiker
International Neiegkeeten

Ee Minister ass kee Mathematiker

D‘Sécherheetssituatioun am Garer Quartier wéi an den ëmleiende Quartieren ass

…déi lescht Deeg am Bunker
International Neiegkeeten

…déi lescht Deeg am Bunker

Wéinst den unhalende Protester zanter der Presidentschaftswahl vum leschte Sonndeg,

Am Texas ass d‘Hell zougefruer

Am Texas ass d‘Hell zougefruer

Äiseg Temperaturen a masseg Schnéi: d‘Amerikaner erliewe grad ee Wanterabroch deen der gréisst vum Land entsprécht a villeruerts scho bedreelech Formen unhëlt. Am US-Bundesstaat Texas – wou d‘Leit sech éischter Sonn a Sand erwaarden – si Millioune Mënschen ouni Stroum. An et sinn elo och nach d‘Pipelinen agefruer, firwat och d‘Mexikaner vum „texanesche Wanter“ betraff sinn.

Temperature vu bis zu -34°C hunn d‘Gouverneurin vum Kansas, Laura Kelly, derzou genéidegt de Katastrophefall auszeruffen. Am Texas koum et zu massivem Stroumausfall. Hei muss awer drop higewise ginn, datt de Reseau generell schlecht ass, well dëse marginal ënnerhale gëtt. Do huet de Wanterabroch dann en zimmlech einfacht Spill. Pläng zur Verbesserung leie säit den 80er vir.

Texas

Um Méindegowend (Lokalzäit) ware 4,4 Millioune Menage vum Stroum ofgeschnidden. Fir de kompletten Zesummebroch vum Stroumnetz ze verhënneren, huet d‘Bundesagence déi d‘Gestioun vum Reseau ënnert sech huet, selwer Deeler vum Netz ofgeschalt. De Gouverneur Greg Abbott huet d‘Nationalgard mobiliséiert. Déi soll d‘Leit aus hiren Haiser huelen an a Sécherheet bréngen.

Am Land goufen eng 135 „Wierm-Zenter“ ageriicht ginn. Iwwer 3.000 Polizisten, déi vun enge 600 Zaldoten ënnerstëtzt ginn, wiere vun Dier zu Dier geschéckt ginn. Am ganze Bundesstaat herrscht den Noutstand. Den internationale Fluchhafen zu Houston bleift mindestens bis en Dënschdeg am Nomëtteg zou. D‘Fluchhafen zu Dallas an Austin hunn um Méindeg all d‘Flich misse sträichen.

Texas

D‘Autoritéiten hunn d‘Leit (déi wou nach net fréieren) opgeruff doheem ze bleiwen, a wann se mat Stroum heizen, hir Heizungen erofzedréine fir de Reseau ze entlaaschten. Eleng zu Houston hunn, esou zumindest behaapt et de lokale Stroumversuerger „CenterPoint Energy“, 1,3 Millioune Leit kee Stroum. Reell dierften et mindestens 2 Millioune Menage sinn, déi am däischtere sëtzen.

Mee och den Noper Mexiko, hei virun allem d‘Bundesstaate Chihuahua, Coahuila, Durango, Nuevo Leon, Tamaulipas an Zacatecas, ass vum texanesche Wanterabroch impaktéiert. Den nationalen Energieversuerger CEE huet erkläert, datt zäitweis, bis zu 5 Millioune Menage kee Stroum konnte geliwwert kréien. D‘Gaspipeline waren zäitweis zougefruer an et hu missen Alternative fonnt ginn.

Texas

Nodeems op aner Energieträger wéi beispillsweis d‘Kuel zougegraff ginn ass, et méiglech war nees verstäerkt Stroum aus den USA ze importéieren, konnten am spéiden Owend ronn zweedrëttel vun den Uschlëss nees retabléiert ginn. Mat weidere Stéierunge wier awer nach ze rechnen, esou de Gestionnaire vum Netz, deen drun erënnert, datt de Mexiko gutt 60% vum Stroum aus Gas erstellt.

mat indymedia/ hou

Foto: Et ass eng rau Welt an de Phenome fir d‘Texaner och éischter eng Ausnam. Hei en Androck vum Highway südlech vun Austin © Miguel Gutierrez Jr. (via Twitter)

Related topics Kansas, Mexiko, Stroumausfall, Texas, USA, Wanter, Wanterabroch
Next post Previous post