Search

You may also like

Generalstreik blockéiert Frankräich
International Neiegkeeten

Generalstreik blockéiert Frankräich

Si war Géigestand am Wahlkampf a gehéiert zu de wichtegste

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…
International Neiegkeeten

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der

Dräi Trauergestalte fir eng Kanzlerschaft
International Neiegkeeten

Dräi Trauergestalte fir eng Kanzlerschaft

Baerbock (déi Grünen), Laschet (CDU) a Scholz (SPD, hunn hiren

Myanmar… am Virzëmmer vun der Hell

Esouguer déi héchste Militärinstanzen aus zwielef Länner veruerteelen d‘Gewaltexzesser vun der burmesescher Junta

Myanmar… am Virzëmmer vun der Hell

Nodeems en Donneschdeg d‘Junta am Myanmar zimlech däitlech op der Staatstëlee MRTV, den Demonstrante matgedeelt huet, datt si Gefor lafen an de Kapp oder de Réck geschoss ze ginn, ass eng nei Dimensioun vun der politesch-militärescher Ënnerdréckung erreecht ginn. Esou däitlech a virun allem „oppen“ huet nach kee Regime dat eegent Vollek bedreet.

Myanmar

Den 1. Februar huet d‘Arméi D‘Regierungspresidentin, de Staatspresident an eng Rei Membere vun der Regierung verhaft. De Generol Min Aung Hlaing, werft dem Aung San Suu Kyi an der National Liga fir Demokratie (NLD) Walbedruch an Héichverrot vir. Problematesch fir de Mann mam Klabes: d‘Burmesen hu keng Loscht op eng Militärdiktatur a sinn an de Widderstand getrueden.

Zanterhier schéisst d‘Arméi geziilt op friddlech Demonstranten, eleng um Freideg goufe véier Mënschen duerch Kappschëss ëmbruecht. Dobäi maachen d‘Zaldote keen Ënnerscheet tëscht Männer, Fraen a Kanner. Esou goufen de 27. Mäerz 4 Kanner (am Alter vu 5 bis 15 Joer) erschoss, wéi d‘Arméi a Wunnquartieren op Mënsche geschoss huet déi sech am fräien opgehalen hunn.

Myanmar

Op ee Samschdeg gëlle 420 Mënschen offiziell als Affer, an d‘Junta ass, wéi op der Staatstëlee annoncéiert, decidéiert esou laang op d‘Bevëlkerung ze schéissen, bis dës sech endlech ënnerwerft. D‘EU hat leschte Méindeg weider Sanktioune géint déi nei „Hären“ am Myanmar geholl an och d‘USA hu scho Strofmoossnamen ergraff. Elo versichen sech och Generäl un der Verurteelung.

An der Nuecht op ee Sonndeg, huet den US-Verdeedegungsministère bestätegt, datt de Generol Mark Milley, déi kuerz awer onmëssverständlech gemeinsam Erklärung vun den 12 Etat-Majoren ënnerzeechent huet. Nieft den USA hunn Australien, Däitschland, Dänemark, Griicheland, Groussbritannien, Holland, Italien, Japan, Kanada, Neiséiland a Südkorea ënnerschriwwen.

Myanmar

Et gëtt an der Deklaratioun vun der burmesescher Arméi gefuerdert d‘Gewalt ze beendegen an de Respekt an d‘Glafwierdegkeet, déi si duerch hir „Aktioune“ verluer hätten, nees hierzestellen. Ob de Min Aung Hlaing, dee kengerlee Bezéiungen zu dëse Länner an hire Generäl ënnerhält dëse Virstouss als „bedreelech“ erkennt? Dat dierft kaum de Fall sinn, hannert him stinn d‘Chinesen…

US-Ausseminister gëtt sech Selbstbewosst

Datt sech „Generäl“ aus 12 Natioune vereenen, fir eng am Endeffekt streng symbolesch Ausso an de Raum ze stellen, huet natierelch vill mat der neier US-Aussepolitik ze dinn. Den Anthony Blinken schéngt decidéiert, den USA hiren Usproch op d‘Weltherrschaft op allen Niveauen nees ze retabléieren. Hien dierft dës militäresch Deklaratioun schonn eppes „erbäigewënscht“ hunn.

MyanmarZanter d‘Bevëlkerung geziilt vun den Zaldoten ofgeschoss ginn, entwéckelt sech Géigewier an d‘Mënsche baue Barrikaden, bastele Molotowcocktailer a stellen sech hire Mäerder entgéint. Esou wéi hei am Quartier Thaketa zu Rangun. © The Irrawaddy

Richteg ass awer och, datt d‘USA direkt nom Putsch éischt Sanktioune verhaangen hunn, a rezent nach emol eng ganz Rëtsch un Offizéier op d‘Sanktiounslëscht gesat huet. En agräifen op der Plaz awer dierft ausgeschloss sinn, dat och well d‘Chinesen „primär Interessen“ am Myanmar hunn. Et gouf vu Peking iwwer déi lescht Joerzéngten, vill an Infrastrukturen an an d‘Industrie investéiert.

A wärend sech déi eng an „Deklaratioune“ verléieren, stierwen am Myanmar all Dag Mënschen. E Samschdeg sinn nees 114 Burmese vun der Arméi ëmbruecht ginn. Mëttlerweil confirméiert och d‘UN-Mënscherechtskommissioun, déi geziilte Schëss op Kanner verhaft gi sinn. Vill Politiker an diplomatesch Vertrieder wettäiferen ëm déi schäerfste Verurteelung an de sozialen Netzwierker.

Myanmar

D‘Junta awer hält sech un de Programm a verfollegt onbeiirt hir Ziler. Esou huet se gëschter an der Haaptstad Naypyidaw zu Éiere vum „Dag vun der Arméi“ eng grouss Parad organiséiert. Zaldote mat Fakelen a Fändelen, ëmgi vu Militärgefierer, hu Stäerkt demonstréiert, an de Generol Min Aung Hlaing huet d‘Geleeënheet genotzt, fir den zivillen Ongehorsam vum Vollek als Terror ze verklären.

„Terrorismus ass schiedlech fir d‘Rou an d‘Sécherheet vum Land. (…) Déi Demokratie déi mir eis wënsche wier ondisziplinéiert, wa mir se net respektéieren an d‘Gesetzer briechen“, esou den Här un der Muecht, mat der voller Iwwerzeegung alles richteg ze maachen. Un dëser grousser Parad hunn awer nach ëmmerhin 8 auslännesch Delegatiounen deel geholl. Och aus Russland a China…

mat The Irrawaddy/Indymedia

Foto: © The Irrawaddy

Related topics Burma, Junta, Militärdiktatur, Min Aung Hlaing, Myanmar, Sanktiounen
Next post Previous post