Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf
Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf
Nodeems d‘Cécile Hemmen (LSAP) Enn Oktober d‘Handduch geworf hat –
Mat der Petitioun 1827, déi zënter gëscht op der Petitioun-Internetsäit
Amazon Go ass grad vill am Gespréich: Den Internetgigant test grad en eegenen Supermarché. De Clou: et gi keng Keese méi, an deenen een sech auschecke misst. Dat kléngt super, an och e bësschen wéi Zauberei. Mee wat kascht eis dës Innovatioun?
Nee, ech schwätzen hei emol net doriwwer, wéi een Afloss dëst op d’Präisser vun der Wuer huet. Et geet éischter ëm d’Aarbechtsplazen, déi et kascht. Schonn elo gi d’Leit, déi an de Keese schaffen, deelweis duerch Selbstbedinnungskeesen ersat. D’Zuel ass nach iwwerschaubar, mee et ass nëmmen eng Fro vun der Zäit, bis nach méi Plazen ofgebaut ginn. D’Experiment vun Amazon, falls et sech dann als zukunftsfäeg erweist, léist bei mir den Alarm aus! Well jiddereen, deen den Algorithmus implementéiere kann, ka sech ganz vill Personalkäschte spueren. Mee net nëmmen dat, och d’Datekrak gëtt ëmmer mi grouss.
Schonn elo sammelen d’Supermarché iwwert déi verschiddenst Methoden Donnéeën iwwert eist d’Kafverhalen. Dat och duerch déi sëlleche Kaarten, déi se engem andauernd an de Keese wëllen ubidden. A wat dat ugeet, ass Amazon schonn ëmmer den absolute Musterschüler gewiergt. Et kéint ee soen, datt hire gesamte Geschäftsmodell doropper baséiert, datt Donnéeë vu Cliente gesammelt ginn, fir herno vir nei Reklamme kënnen agesat ze ginn.
Dat ass da wuel och, wéi dës Supermarchéë funktionéiere kéinten. Si analyséieren däi Kafverhalen a schalten dann zilgeriichte Reklammen. Eng richteg Goldminn ass dat! An dem transparente Client kënnt een domat e Stéck mi no, wou een dach mol net genau weess, wat mat all deene Donnéeën esou geschitt.
Gäre gëtt d’Digitaliséierung als eng grouss Chance duergestallt. Dat ass se sécher och. Mee an dësem Fall lount et sech, wéi a bal all anerem och: Wat kascht dat ganzt?
Foto: STEPHEN BRASHEAR / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP