Search

You may also like

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen
International Neiegkeeten

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen

Kommt op de KUKI a kuckt Iech déi flott Konscht

surprise
D‘CSV kritiséiert net systematesch de Wuesstem
International Neiegkeeten

D‘CSV kritiséiert net systematesch de Wuesstem

Um Mëttwoch huet den CSV-Spëtzekandidat fir d‘Chamberwahlen, Claude Wiseler sech

Stiwwele fir ee „Béise Jong“
International Neiegkeeten

Stiwwele fir ee „Béise Jong“

Et kënnt net oft vir, also eigentlech éischter „ni“, datt

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?

Fir e bessere Schutz vum Reebësch hu 7 Länner de Leticia-Pakt ënnerschriwwen

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?

Um Amazonas-Sommet am kolumbianesche Leticia hu sech siwe Länner an enger gemeinsamer Erklärung, fir den Opbau vun engem Kooperatiounsnetzwierk ausgeschwat. De Jair Bolsonaro konnt aus medezinesche Grënn net deelhuelen. Hie gouf gëschter vum Ausseminister vertrueden.

Zum Optakt vum Sommet huet et direkt emol Kloertext ginn: de kolumbianesche President Ivan Duque huet op d‘Roll vum Reebësch higewisen a keng Zweiwel dru gelooss, datt de Schutz vum Amazonas-Reebësch an der ganzer Regioun onbedéngt muss verbessert ginn. „Dat ass entscheedend fir d‘Iwwerliewe vun eisem Planéit“, esou den Ivan Duque am Bezuch op d‘Bränn.

Amazonas-SommetBei de Gespréicher sinn eng ganz Rei Pisten analyséiert ginn, wéi esou ee Schutz bewierkstellegt kéint ginn. Esou kéint eng Satellitten-Iwwerwaachung derzou bäidroen, datt Bëschbränn zäitno entdeckt kënne ginn. Dozou de kolumbianesche President: „Mir sinn zesummekomm fir eis Moossnamen ze koordinéieren, Hand an Hand ze schaffen, a fir den Amazonas ze schützen“.

An hirer gemeinsamer Erklärung hunn déi sechs Staatscheffen zesumme mam brasilianeschen Ausseminister Ernesto Araujo sech op den Opbau vun engem Kooperatiounsnetzwierk verstännegt. Dat soll dozou féieren, datt nieft Wiederdaten och Informatiounen iwwer illegal Ofholzung an Biergbau ausgetauscht ginn. Dat wier eng Première ugesiichts de politeschen Differenzen…

De Pakt vu Leticia

Um Sommet deelgeholl hunn d‘Presidente vu Bolivien, Ecuador, Kolumbien a Peru. Surinam war duerch de Vizepresident vetrueden, Guyana duerch den Ëmweltminister a Brasilien wéi annoncéiert duerch den Ausseminister. Brasilien hat bei dësem Sommet eng besonnesch Roll, schliisslech ass de gréissten Undeel vum Reebësch op sengem Territoire an dëse steet aneren Interessen am Wee.

Amazonas-SommetDe Jair Bolsonaro wëll der Agrarindustrie méi Flächen zur Verfügung stellen, ob fir Véizuucht, den Ubau vu Soja oder Palmenueleg. Et war eent vun de ville Wahlverspriechen déi hie gemaach hat, a säit Joresufank huet d‘Ofholzung vum Reebësch en dramatescht Ausmooss kritt. Déi „einfachst a bëllegst“ Method ass d‘Brandrodung. Wann dat allerdéngs aus dem Rudder leeft…

An den „Tropen-Trump“, wéi de Jair Bolsonaro och genannt gëtt, huet dem Ausseminister kee „Fräibréif“ ausgestallt, mee sech mëttels Videokonferenz an d‘Gespréicher abruecht. Hien huet dann och vun deenen anere verlaangt, sech géint eng „Internationaliséierung vum Schutz vum Reebësch“ auszeschwätzen. Dat géif tatsächlech sengen Industrialiséierungspläng net entspriechen.

„Mir mussen eng staark Positioun anhuelen an eis Souveränitéit verdeedegen, esou datt all Land déi bescht Politik fir d‘Amazonas-Regioun entwéckele kann“, esou de brasilianesche President. Mat „beschter Politik a Souveränitéit“ versteet de Jair Bolsonaro och d‘Verzivilisiéierung vun den indigene Vëlker, deenen hir „Schutzgebidder“ déi industriell Entwécklung behënneren.

mat indymedia/ccs/gso

Foto: Et ass un der Zäit, datt mir als Bruddervëlker koordinéiert schaffen. Mir soen de G7-Länner Merci fir hir Hëllef a lueden si an, gemeinsam Ustrengungen ze ënnerhuelen. De gréisste Beitrag deen si leeschte kënnen, ass d‘Anhale vum Paräisser Ofkommes“, esou de bolivianesche President Evo Morales Ayma. © Bolivian Delegation (official)

Related topics Amazonas, Amazonas-Sommet, Brasilien, Jair Bolsonaro, Kolumbien, Leticia, Reebësch
Next post Previous post