Search

You may also like

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem
International Neiegkeeten

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen)

Nationalfeierdag 2020: Offiziell Zeremonie beim Kanounenhiwwel
International Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2020: Offiziell Zeremonie beim Kanounenhiwwel

Um 23. Juni wäert beim nationale Monument vun der Lëtzebuerger

Gebärmutterhalskriibs: Den Dr. Marc Fischer zur Relevanz vun der Preventioun
International Neiegkeeten

Gebärmutterhalskriibs: Den Dr. Marc Fischer zur Relevanz vun der Preventioun

Muer fënnt den internationalen Aktiounsdag fir d’Gesondheet vu Frae statt.

Amerika zelebréiert de 4. Juli

Independence Day: Den US-President léist sech den Nationalfeierdag net huelen a mécht Party

Amerika zelebréiert de 4. Juli

Dat de 4. Juli an den USA a gewësser Mooss en Hellegtum ass, a besonnesch hisiichtlech der Presidentschaftswahl am November, natierlech och vu Bedeitung ass, dierf net doriwwer ewechtäuschen, datt zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie d‘Kaarten nei verdeelt sinn.

An den USA ginn d‘Infektiounszuele regelrecht duerch de Plafong. Vu Mëttwoch op Donneschdeg goufe bannent 24 Stonne bal 53.000 nei Infektiounsfäll gemellt (Quell: John-Hopkins Universitéit). Alles an allem hunn d‘USA elo 2.682 Millioune positiv Fäll ze verzeechnen, d‘Zuel vun den Affer huet um Donneschdeg bei 128.000 geleeën. Do grouss Feiere fir de 4. Juli ze plangen ass gewot.

Vill US-Bundesstaaten hunn den Nationalfeierdag quasi ofgesot: kee Freedefeier, d‘Bistroe mussen zou bleiwen an och d‘Stränn si wäitleefeg fir de Public gespaart ginn. 2020 gëtt et folglech keng mega Grillparty oder e Picknick, esouguer déi allsäits beléifte Parade falen aus. Versammlunge sinn den Ament net gäre gesinn, dobäi ass den Independence Day „den Event vum Joer“… all Joer.

Eng Ausnam

Wann elo d‘Gouverneuren an d‘Buergermeeschter d‘Leit opruffe verstänneg ze sinn, d‘Mesuren anzehalen a vu grousse Fester ofzegesinn, heescht dat net, datt den Donald Trump dësen Dag wëll notzen, fir mam gudde Beispill virzegoen. De 4. Juli feiert den US-President direkt zweemol an dat och méiglechst „opfälleg“. Hien huet seng Fans zum Mount Rushmore (South Dakota) agelueden.

Beim Mount Rushmore, wou d‘Käpp vu véier Presidenten a Granit gehae goufen, sollen sech 7.500 Gäscht un engem grousse Feierwierk an enger net manner impressionnanter Party erfreeën. Déi republikanesch Gouverneurin Kristi Noem huet de Leit, déi Angscht sollten hunn sech bei dëser Party ze infizéiere geroden, dach einfach doheem ze bleiwen. Si fënnt hält och un der Party fest.

Op Fox News huet d‘Kristi Noem erkläert, wéi eng Schutzmoossname solle vun de Leit behäerzegt ginn: „Mir wäerte Gesiichtsmasken un all déi verdeelen, wou eng undoe wëllen. Mir wäerten allerdéngs op déi sozial Distanzéierung verzichten a lueden all Mënsch an d‘Fräiheet hei an eisem Land ze genéissen“. Domadder ass zumindest de Virowend zum 4. Juli gerett, mee et geet weider…

Och Washington feiert

Wärend d‘Party beim Mount Rushmore esou lues dierft op en Enn goen, esou sinn och eng Rei Events an der Haaptstad Washington geplangt. Hei huet sech den US-President zwar besser am Grëff, well och hei gëtt et keng Parad, woubäi… Laut dem Programm sollen no der Usproch vum Donald Trump, Kampffliger vun alle Waffegattungen iwwert d‘Haaptstad fléien.

Op der National Mall soll et dat gewinnt gigantescht Feierwierk ginn an esou ginn sech och hei dausende Mënschen erwaart. Fir d‘Muriel Bowser, Buergermeeschtesch vu Washington, ass dat Ganzt onverständlech, mee si wäert et Erdroe mussen. D‘Festivitéite vum 4. Juli leien am Zoustännegkeetsberäich vun der Regierung, hiren Avis ass folglech weder gefrot nach gewënscht.

Et dierf een awer drop hiweisen, dat de Chef-Virolog aus dem Wäissen Haus, den Dr. Antony Fauci um Dënschdeg vum US-Senat ugehéiert gi war. Hei huet dësen de Senateure versicht däitlech ze maachen, datt wann een d‘Infektiounszuelen net gebremst kritt an d‘Leit sech och weiderhin esou onverantwortlech behuelen, ee kuerzfristeg bei bis zu 100.000 Neiinfektioune wäert ukommen.

mat indymedia/was

Illustratioun: © Paul Weaver / unsplash

Related topics 4. Juli, Donald Trump, Freedefeier, Independence Day, Mount Rushmore, Party, USA, Washington
Next post Previous post