Search

You may also like

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)

Et war eigentlech vu virera kloer, dat d‘Reprise vum Grupp

Ëmmer méi jonk Covid19-Patienten
International Neiegkeeten

Ëmmer méi jonk Covid19-Patienten

Am direkte Verglach mat eisen Noperen, sti mir eis am

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert
International Neiegkeeten

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert

Lëtzebuerg ass e proeuropäescht Land an dat huet wéineg mat

Amerika gedenkt: 20 Joer 9/11

Amerika gedenkt: 20 Joer 9/11

Zanter de schrecklechen Terrorattacken an den USA si schonn zwee Joerzéngte vergaangen. Dëse Weekend wäerten d’Amerikaner dësem traurege Jubiläum gedenken.

11. September

Nëmme wéineg Datumer sinn direkt mat engem Erliefnis ze identifizéieren, mat Ausnam vum 6. Juni 1944 an der Landung vun den Alliéierten an der Normandie.

2.977 Doudeger, 6.291 Blesséierter an een zwanzegjärege Krich sinn Deel vum schreckleche Bilan vun al-Quaida. D’Zerstéierung vun den Zwillingstierm live op der Tëlee, den Ugrëff op de Pentagon esou wéi d’Revolte vun de Passagéier vum Fluch 93 hu Milliarde Mënschen op der Welt gepräägt.

Dës dräi Plazen, de Ground Zero, de Pentagon a Shanksville zu Pennsylvania gi vum US-President Joe Bidden sou wéi der First Lady Jill Biden besicht. Et ass e President, deen den 3. September een Dekret zur Fräigab vun den Dokumenter zur Ënnersichung vun den Terrorattacken ënnerzeechent huet. Et war ee Verspriechen un d’Famillje vun den Affer.

“Tribute in light”

Zu New-York fänkt d’Éierung um 8:46 Auer un, wéi den American Airlines Fluch Nummer 11, eng Boeing 767, tëscht dem 93. Stack an dem 99. Stack an d’Nordwand vum Nordtuerm gekraacht ass. Et ass eng Hommage, an där all d’Nimm vun den Affer opgefouert ginn. Eng Hommage, déi e rouegt Enn wäert huelen, well de Südtuerm an d’Pentagon ofwiesselnd getraff goufen.

D’Éierewuecht vun den New-Yorker Pompjeeën sou wéi d‘Membere vun der Police wäerten och un der Zeremonie deelhuelen. Si hunn en héije Präis bezuelt, fir Liewen ze retten. Wann et däischter gëtt, wäert d’Installatioun „Tribute in light“ den New-Yorker Himmel erstralen. Et ass e Symbol fir déi verlueren Zwillingstierm an déi 2.977 verluere Mënschen.

Illustratioun: Time Magazine Cover

Related topics Attentat, New York, Nine Eleven, Revanchismus, USA, World Trade Center
Next post Previous post