Search

You may also like

What the Fakt – Haut emol plakeg ënnerwee!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut emol plakeg ënnerwee!

Um haitegen internationalen Dag vum Plakeg-sinn (engl. International Nude Day)

Datazenter Google: Onsécherheet ass schlecht fir d‘Geschäft
International Neiegkeeten

Datazenter Google: Onsécherheet ass schlecht fir d‘Geschäft

Biissen – Am Kontext vun der Presentatioun vun der éischter

Trump-Diplomatie vum feinsten
International Neiegkeeten

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

Ass Amerika vun enger Hongersnout bedreet?

Ass Amerika vun enger Hongersnout bedreet?

Am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten – wann een zu de glécklechen 1% gehéiert – fänkt déi wirtschaftlech Nout fir Milliounen Amerikaner un Formen unzehuelen, wéi een se eigentlech nëmmen aus Entwécklungslänner kennt. Virsiichteg geschätzt, leiden eng 50 Millioune Mënschen an den USA Honger. Ouni Liewensmëttelspende missten se erhéngeren…

De 45. US-President hat deem „Wäissen Amerika“ versprach d‘Natioun an der Welt nees grouss ze maachen (MAGA), wollt sech vun de Mexikaner eng Grenzmauer finanzéiere loossen, an hat viru Méint gemengt, datt de „China-Virus“ schlëmmstefalls eng eppes méi hefteg Gripp ass. Hien huet d‘Feelverhale vun der Police genee esou Mëssverstanen, wéi hie d‘Walresultat als gefälscht gesäit.

Hien huet vu sech behaapt, dee President gewiescht ze sinn, deen déi allermeeschte Jobs geschafen an d‘Wirtschaft nees un d‘Rulle bruecht hätt. Dës Zäite sinn elo „Passé“ hie muss wuel oder iwwel dem „Sleepy“ Joe Biden d‘Schlëssele vun der Muecht – an och vum Wäissen Haus – iwwerginn an dëse wäert wéineg Freed u sengem Mandat hunn. Dofir huet den Donald Trump d‘Jalone gesat.

Elo ass et natierlech net nëmmen dem homophoben, misogynen a rassisteschen Trump geschëlt, datt d‘Lag deraart chaotesch ass, wéi se sech engem presentéiert. Et sinn och net eleng d‘Republikaner déi Schold dorunner hätten, datt sech virun den Vollekskichen a Liewensmëttelausgaben immens laang Schlaange bilden. Dat ganz dem US-Cliché entspriechend, et sinn Autoschlaangen…

Eigentlech nach net schlëmm genuch

Bei enger Ronn zu spéider Stonn zu New Orléans, konnt een am Viruert Metairie gesinn, wéi eng riseg Autoschlaang déi ganz Nuecht virun enger „Iessensausgab“ (vergläichbar mat den Tafelen an Däitschland) stinn. Wien hei moies um 3 oder 4 Auer ukënnt ass eigentlech scho vill ze spéit drun. Et gëtt ugestanen, bis zou gemaach gëtt, oder näischt méi ze verdeelen do ass. Gedold ass Tromp.

Fir déi allermeeschten „Demandeuren“ déi sech hei zu Metairie ustellen, ass et déi alleréischte Kéier datt si d‘Liewensmëttelbanken an Usproch huele mussen. Déi meescht hunn am Kontext vun der Covid19-Pandemie entweder den Job oder hir Einnamequell verluer. Hëllefen, esou wéi een dat bei eis zu Lëtzebuerg (nach) kennt, oder méi generell ee „Sozialsystem“ gëtt et an den USA net.

Soziales, wéi beispillsweis eng universell Krankeversécherung fir jiddereen, oder eleng de Fait datt ee Chômage kéint kréien, dat ass „Kommunismus“. Wie staark ass steet dat jo duerch, all déi aner ginn iwwert eng natierlech Selektioun hirem verdéngte Schicksal zougefouert. Dat zumindest ass allgemeng d‘Meenung, déi och an der Schlaang zu Metairie virherrscht. Et ass eben Amerika.

Mir sollten et hinnen nomaachen

Elo läit an der Logik vun der Saach, datt wann ëmmer méi Mënschen duerch de breede Fächer vum amerikaneschen Dram falen, och ëmmer méi Wäisser betraff sinn. Et gëllt als erwisen, datt 35 Milliounen US-Bierger mat knapper Nout nach „vun der Hand an de Mond“ liewen. Doriwwer eraus behaapt d‘ONG „Feeding America“ datt 50 Millioune Mënschen net genuch z‘iessen hunn.

Zanter dem Ausbroch vun der Pandemie, déi den Donald Trump jo zum Gléck richteg ageschätzt hat, firwat dann och a ganz Amerika déi richteg Mesuren ergraff konnte ginn, huet sech d‘Zuel vun de Bedierftegen an de Ballungsgebidder nëmme verduebelt. Eigentlech onverständlech, gemooss un den Ustrengungen an de grousse Finanzhëllefen, déi d‘Trump-Administratioun ënnerholl huet.

Datt et och d‘Minoritéite sinn – hei virzuchsweis déi sougenannten „Afroamerikaner“ a Latinoen – déi am häertste getraff sinn, dat esouwuel gesondheetlech wéi ernierungstechnesch, kann een der Regierung net virwerfen. Déi Leit strengen sech einfach net genuch un, esou zumindest d‘Siicht vun den allermeeschte „wäissen“ US-Bierger. Déi awer stinn elo mat dësen en enger Schlaang…

mat indymedia/nof

Foto: Ëmmer méi Mënschen an den USA sinn op d‘Liewensmëttelbanken ugewisen. Datt déi aner Säit vum grousse Pull, och ouni Covid19, all Dag Millioune Mënschen op dës Hëllef ugewise sinn interesséiert (politesch) keng Sau. Mee elo, wou och „wäiss Amerikaner“ a besonnesch därer déi nach bis viru wéinege Méint zur Mëttelschicht gezielt goufen, sech hei ustellen… jo elo fänkt et un ee gewëssent Interessen ze erwächen. © Joel Muniz / unsplash

Related topics Amerika, China-Virus, Covid19-Pandemie, Donald Trump, Feeding America, Honger, Liewensmëttelbanken, Wirtschaftskris
Next post Previous post