Search

You may also like

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I
International Neiegkeeten WTF

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Während de Porsche Mobil 1 Supercup, dat eigentlecht Zil vun

Frankräich virum Lockdown
International Neiegkeeten WTF

Frankräich virum Lockdown

Um Freidegowend sinn am Frankräich 4.033 Covid19-Patienten op den Intensivstatioune

Braderie Diddeleng: Héich Temperaturen, mee och héich Visiteurszuelen
International Neiegkeeten WTF

Braderie Diddeleng: Héich Temperaturen, mee och héich Visiteurszuelen

De leschte Weekend haten sech op e neits vill Leit

surprise

Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach

Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach

Um Freideg huet zu München déi 54. Sécherheetskonferenz ugefaangen, ugesicht enger ëmstriddener US-Aussepolitik an de sëlleche Konflikter op der Welt, muss Europa méi Verantwortung iwwerhuelen. Méi Verantwortung, ass och „militäresch“ ze verstoen. Esou zumindest de Kredo vum Ursula von der Leyen bei der Erëffnungsried.

D‘Politikerin aus dem konservative Lager (CDU) werft den USA en eesäitege Kurs vir, a weist drop hin, datt och Amerika Verflichtungen huet déi iwwer dat militärescht erausginn. Domatter ass kloer d‘Entscheedung vum Donald Trump viséiert, manner Geld an d‘Dëppe vun de Vereenegten Natiounen ze ginn, an och deem engen an anere politesche Partner d‘Mëttel ze kierzen.

Si fuerdert den US-President dann och däitlech op sech ze besënnen, an sech méi staark bei der Entwécklungshëllef ze engagéieren. Fir d‘Ursula vun der Leyen kann et net sinn, datt ee sech zu Washington wëll op eng „Aarbechtsdeelung“ verstännegen. Eng wou d‘USA fir alles militärescht zoustänneg wier, an Europa sech ëm déi humanitär Folgen ze këmmeren hätt.

Soll Europa d’Roll vun den USA iwwerhuelen?

Och de Wolfgang Ischinger, Konferenzchef vun der Münchener Sécherheetskonferenz, fuerdert vun Europa e gréissert militärescht Engagement. Säin Argument: ënner dem Donald Trump géif déi grouss Uerdnungsmuecht USA net méi existéieren. Den Trump fuerdert awer weider d‘Erhale vun der NATO als kollektiv Verdeedegungsinstrument, a wëll, datt dat schrëftlech festgeluecht gëtt.

Weltpolizist

Den däitschen Inneminister Thomas de Maiziere huet op der Bühn vum „Bayrischer Hof“ zu München méi gestikuléiert wéi vertrietbar Argumenter geliwwert. Mee och hie wëll erkannt hunn, datt et global gesinn, laang net méi esou schlecht ausgesinn huet. © Christof Stache/AFP

D‘Frederica Mogherini, aussepolitesch Vertriederin vun der EU, weist dës amerikanesch Fuerderung als inakzeptabel zréck, a fënnt an der däitscher Verdeedegungsministesch eng staark Alliéiert. „Mir wëllen transatlantesch bleiwen, a gläichzäiteg méi europäesch ginn“, esou dem Ursula vun der Leyen seng Äntwert op d‘Fuerderung aus Washington.

Heizou passt dann och d‘Bemierkung vum NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg: „Pyongyang ass méi no u München wéi u Washington“. Eng maskéiert Warnung vum Stoltenberg, deen op d‘Gefore vum nordkoreaneschen Atomwaffeprogramm wëll hiweisen, awer anscheinend och der US-Politik an dësem Zesummenhang net ze traue schéngt.

Eng europäesch Verdeedegungsstrategie?

Fir sech aus der Ofhängegkeet vun den USA ze befreien, hunn sech am Dezember 25 EU-Memberlänner en Accord ënnerschriwwen, aus deem eng „stänneg a strukturéiert Zesummenaarbecht an de Beräicher Sécherheet a Verdeedegung“ (PESCO) festgeluecht ginn ass. Esouguer Frankräich wëll bis 2025, 2% vum BIP fir d‘Verdeedegung ausginn.

Den Emmanuel Macron hat an dësem Kontext och virgeschloen, eng gemeinsam europäesch Arméi opzestellen, déi ausserhalb de NATO-Strukturen agéiere kann. An dat huet dann och déi franséisch Verdeedegungsministesch Florence Parly, zu München an hirer Ried nach emol verdäitlecht. Dat dann awer esou, datt Washington sech als Alliéierten an Handelspartner net brüskéiert fillt.

„Eis Allianz mat den USA an d‘NATO ass noutwenneg“, esou d‘Florence Parly „mee wa mir an eisem direkten Ëmfeld bedreet sinn, notamment am Süden, musse mir an de Lag sinn, deem aus eegener Kraaft ze begéinen. Dat och besonnesch dann, wann d‘USA de Wonsch hunn sech manner abannen ze loossen“. Op de Message zu Washington verstane gëtt, bleift ofzewaarden.

500 Politiker an hir Experten

D‘Münchener Sécherheetskonferenz geet nach bis e Sonndeg, an dat kann een, ugesicht de ville Krisen déi et op der Welt gëtt, als „knapp bemooss“ betruechten. An och bei de Riedner déi deelhuelen, ass mat räichlech Sträitpotential ze rechnen: de Benjamin Netanjahu (Israel), Sergej Lawrow (Russland) oder James Mattis (USA) hu bekanntlech ganz eege Sécherheetsvirstellungen.

Als Beispill dann och d‘Interventioun um éischten Dag vum Lindsey Graham (US-Senateur, Republikaner) deen et bei der Podiumsdiskussioun begréisst huet, datt Europa méi Aktiv wëll ginn. Hie géif dann och, anescht wéi fréier, an enger europäescher Verdeedegungsmuecht, keng Konkurrenz méi gesinn. Datt dat un enger Verlagerung vun den US-Interesse läit gouf net betount.

Esou huet de Wolfgang Ischinger de Nol missen aschloen. Deen ass der Usicht, datt d‘Gefor vum engem Konflikt tëscht den USA a Russland säit dem Enn vun der Sowjetunioun ni esou grouss war. Hien ass dann och besuergt, wëll säitens den USA längst net nëmme méi mam Asaz vu Waffegewalt gedreet gëtt, mee een zu Washington dësen Asaz och tatsächlech bereet ass ze praktizéieren.

E lamentabelen Appell

Datt d‘Vereenegt Natiounen nach beschtefalls eng „Gestioun“ vun de Krise bewältegt kritt, huet den Antonio Guterres net dru gehënnert, en Appell un déi international Staategemeinschaft ze riichten. Vun där verlaangt den UN-Generalsekretär am Kampf géint „geféierlech Krisen a global Problemer“ zesummenzestoen. Dat ass aktuell net emol beim UN-Sécherheetsrot de Fall…

Weltpolizist

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet op der 54. Münchener Sécherheetskonferenz en Appell un d‘Staategemeinschaft geriicht. Erausfuerderunge kann een nëmmen zesumme léisen, dat ass esouwäit richteg, mee nach misst ee sech beméien dës Erausfuerderungen och ze erkennen. © Thomas Kienzle/AFP

Mee den Antonio Guterres muss sengem Rôle gerecht ginn a mengt: „Erausfuerderunge fir d‘Mënschheet kann een nëmmen zesumme léisen“ an appelléiert vereent géint den Terrorismus, d‘Konflikter am noen Osten, am Jemen an der koreanescher Hallefinsel virzegoen. Och misst ee gemeinsam eppes géint de Klimawandel ënnerhuelen. Léisungsvirschléi hat hien awer net parat.

Et ass bei der Sécherheetskonferenz um Freideg nach vill geschwat ginn, leider wéineg Konkretes. En Treffe vun den Ausseminister aus Russland, Däitschland, Frankräich an der Ukrain, bei där iwwert den Asaz vun UN-Blohelmer sollt berode ginn, ass aus „Zäitgrënn“ ofgesot ginn. Och dat muss engem virun Ae féieren, wéi et ëm d‘Roll vun de Vereenegten Natioune bestallt ass.

mat AFP

Foto: Poliziste sti virum Hotel „Bayrischer Hof“ wou déi 54. Sécherheetskonferenz nach bis e Sonndeg ofgehale gëtt. Am ganze sinn fir d‘Sécherheet vun de sëlleche Politiker an Experten 4.000 Mann mobiliséiert ginn, dorënner och als „Première“ däitsch Zaldoten. © Thomas Kienzle/AFP

Related topics Antonio Guterres, München, Sécherheetskonferenz, Staategemeinschaft, Ursula von der Leyen, Vereente Natiounen, Weltpolizist
Next post Previous post