eSport: Den ACL gëtt Vollgas!
Ab e Méindeg 15. Mäerz, geet den Automobilclub Lëtzebuerg mat
Ab e Méindeg 15. Mäerz, geet den Automobilclub Lëtzebuerg mat
Um 18. Oktober ass am Centre Orchimont den 10. Buttek
Kennt Dir de Charly schonn? Si hunn mengem Meedchen eng
Iwwer 4.500 Stierffäll bannent 24 Stonnen, méi wéi 22 Millioune Chômeure a knapp 4 Wochen… d‘Zuelen aus den USA sinn erschreckend an eng Besserung ass eigentlech grad net a Siicht. Mee et geet een dee säin Optimismus behalen huet: den Donald Trump. Hien huet gëschter seng Agenda fir d‘Reprise ënnert dem Motto: „Opening Up America Again“ virgestallt. Et sollt elo séier goen.
Fir de Milliardär dee sech zum Krichspresident erhuewen huet, an der ganzer Welt weist wéi staark den Zesummenhalt vun den Amerikaner an dëse schwieregen Zäiten ass, soll d‘Land an 3 Phasen nees zeréck zur Normalitéit fannen an d‘Wirtschaft nees un d‘Lafe bruecht ginn. Hien hält ee landeswäite Lockdown net fir ubruecht a verkënnt „Mir fänken nees mat Liewen un“.
Wann een dat esou héiert, mengt ee bal d‘USA hätten d‘Pandemie schon iwwerstanen an et géif net méi laang brauchen, da wier nees alles wéi fréier… Seng Conseillèrë sinn do eppes méi virsiichteg. Si hunn drop higewisen, datt et zu enger „neier Normalitéit“ wäert kommen an d‘Liewen sech bis dohinner wäert maassgeeblech verännert hunn. Et wier een un der Schwell zu enger neier Ära.
Während engem engersäits d‘Héngerhaut ausgeet wann een déi dramatesch Entwécklung (Grafik) gesäit, bezitt sech den Donald Trump op de Fait, datt en Drëttel vum Land an de leschte siwen Deeg keng nei Fäll gemellt hunn, firwat et ersiichtlech wier, datt een elo a Richtung „Reprise“ misst kucken. Dem Milliardär seng „feuille de route“ gesäit de Wee zur Normalitéit an dräi Phase vir.
Dofir missten an de Bundesstaaten an/oder Regioune bestëmmte Kritären erfëllt sinn, wat erkläert, datt de Mann deen iwwerzeegt ass alles am Grëff ze hunn, a senger Roadmap weder en Zäitplang nach Richtlinnen agebaut huet. D‘Bundesstaaten sollte virum Antrëtt an all eenzel Phas eng Rei „Viraussetzungen“ erfëllen. Du huet sech awer schon eppes Widderstand ugekënnegt …
An et hëlleft jo och näischt. An den USA ass Wahlkampf an den Donald Trump geet Stur op säin zweet Mandat zou. Do brauch et Presenz an Duerchsetzungsverméigen, wann seng Fans bei Laun hale wëll. Während den US-President sech ëm dat essentiellt këmmert, huet et am Hannergrond eng Task-Force, déi beméit ass dem Milliardär seng Visioune richteg ze interpretéieren.
D‘Verantwortung vun der Ëmsetzung vun dëse „Visiounen“ läit engersäits bei der Coordinatrice vun der Task-Force aus dem Wäissen Haus, Deborah Birx an anersäits beim Direkter vum nationalen Institut fir Infektiounskrankheeten, Anthony Fauci. Déi zwee sinn sech erstaunlecherweis eens, datt sech d‘Amerikaner besser sollten op eng „nei Normalitéit“ astellen, och no Phas III
An der „Opening Up America Again“ Roadmap ass virgesinn, datt et an de verschiddene Phasen nees soll méiglech sinn gréisser Evenementer ze organiséieren, reesen nees méiglech ass… an der Phas II sollen dann d‘Crèchen, d‘Spill-, d‘Primärschoulen, wéi och d‘Lycéeën an d‘Universitéiten nees opgoen. An der Phas III sollen sech d‘Amerikaner nees „fräi“ beweegen dierfen.
Woubäi, esouwuel d‘Deborah Birx wéi och den Anthony Fauci drop hiweisen, datt no Phas III besonnesch eeler Mënschen an därer mat „Pathologien“ weiderhi mussen ee Sécherheetsofstand respektéieren. Dat huet den Donald Trump esou zur Kenntnis geholl, et géif sech jo och net géint d‘Grondlage vu senger Roadmap riichten. Hie bréngt et esouguer Ronn, Virsiicht virzetäuschen.
Laut dem Plang, muss virum Akraafttriede vun enger neier Phas, d‘Zuel vun den Neiinfektiounen iwwert en Zäitraum vu 14 Deeg réckleefeg sinn. Dozou misst et dann och genuch Testkapassitéite fir de Covid19 ginn. Dës Tester awer, misste besonnesch de Salariéen aus dem Gesondheetssecteur zerguttst kommen, well déi der gréisster Gefor ausgesat sinn. Kléngt jo schon emol vernënfteg…
Woubäi den US-President och gesot huet, datt eng Rei Bundesstaaten schonn esouwäit wieren an eigentlech ab muer d‘Phas I aleede kéinten. Dat wier elo bei New York wuel nach net esou séier de Fall… Stëmmt: hei huet de Gouverneur Andrew Cuomo all d‘Moossnamen, also Confinement, Maskeflicht a sozial Distanz elo emol bis Mëtt Mee verlängert. Hien ass um Plang net interesséiert.
Fir den Trump, dee weess wéi populär Sportaarte wéi Football, Basket, Baseball a vill aneres méi sinn – firwat Milliounen Amerikaner sech a risege Stadie versammelen – an och déi wirtschaftlech Muecht vun dësem Secteur kennt, brauch et keng „nei“ mee nëmmen „Normalitéit“. Hie versprécht datt d‘Stadien nees wäerten opmaachen: „Dat wäert geschéien an et wäert séier geschéien“.
Interessant – woubäi de gudde Mann esou séier d‘Richtung ännert, datt net emol de Wand ka mathalen – dann awer och, datt den Donald Trump, deem iergendeen aus sengem noen Ëmfeld muss d‘Verfassung erkläert hunn, et elo awer de Gouverneuren iwwerloosse wëll, seng Roadmap wéi déi doranner enthale Richtlinnen, ëmzesetzen. Déi dierfen esou eege Moossnamen ergräifen.
E Méindeg war den Toun nach en aneren: hien hat do nach gemengt, dann hien, an eben nëmmen hien d‘Muecht hätt, d‘Entscheedungen ze treffen. Datt haten d‘Gouverneure vun 10 Bundesstaaten net appreciéiert an emol annoncéiert, datt si sech wäerten zesummendoen an „hir Mesuren“ am klenge Krees géifen openaner ofstëmmen. Elo ass gewosst, si kruten sech kloer duerchgesat.

Um Mëttwoch hat den Trump, nach iert hie verkënnt hat seng Roadmap um Donneschdegowend virzestellen, gesot, datt hie gewëllt wier mat de Gouverneuren zesummenzeschaffen, mee wann et noutwenneg wier, d‘Regierung och géint hir „Moossnamen“ géif virgoen. 24 Stonnen drop war den Toun dann nees eppes méi verséinlech. Et gouf zudeem gëschter keng nei Scholdzouweisungen…
mat indymedia/was