Search

You may also like

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun
International Neiegkeeten

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun

Nach bis e Sonndeg, den 8. Dezember kann een an

Nouvelle Vague um 29. Januar an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

Nouvelle Vague um 29. Januar an der Kulturfabrik

Et war 2004, den Héichpunkt vum French Touch, wou de

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei
International Neiegkeeten

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei

Dat ronnt Gebai zu Sandweiler, an deem d‘Gemeng ënnerbruecht ass,

D‘Amerikaner ginn Afghanistan op

Bis zum Hierscht soll keen US-Zaldot méi am Biergerkrichsland de Kapp hänke loossen

D‘Amerikaner ginn Afghanistan op

Schonn am Mäerz zejoert, hat den US-Ausseminister Mike „Big Mike“ Pompeo, den Taliban beim Sommet vun Doha (Katar) zougesot d‘US-Zaldoten ofzezéien, wann si der US-Regierung géife verspriechen sech ze besseren. Dee „Neien“ am Wäissen Haus setzt den Truppenofzuch elo duerch an et muss natierlech eppes Dramatik a Symbolik doranner stoen.

De geriatresche Patient vun der US-Politik setzt also eng vum Virgänger an d‘Wee geleeten Aktioun an d‘Dot ëm. Well seng Landsleit net wierklech gescheit sinn, an et ëmmer vill Pathos an natierlech nach vill méi Patriotismus brauch, fir eng Entscheedung no Hollywood-Manéier schmackhaft ze maachen, hunn dem Joe Biden seng Beroder sech ugestrengt an ee wierklech ganz gudde Plang.

An esou heescht et vum Wäissen Haus, datt den US-President um haitege Méindeg, kuerz no 14 Auer (Lokalzäit) wäert den Amerikaner déi frou Noriicht vum Truppenofzuch iwwerbréngen. Dës Operatioun betrëfft nach ronn 2.500 US-Zaldoten. Dee leschten dovunner soll den 11. September an d‘Heemecht zeréckbruecht ginn. D‘Wiel vun dësem Datum ass selbstverständlech och Programm.

Et ass de Joresdag vum Attentat op Tierm vum World Trade Center zu New York, deen dann och zur Besatzung vum Afghanistan gefouert huet. D‘Amerikaner, hir „Partner“ aus der NATO an nach aner Befeelsempfänger haten sech virgeholl dësem Land d‘Demokratie bäizebréngen, nodeems si iwwer Joren, d‘Taliban finanzéiert a mat Waffen ausstafféiert hate, fir d‘Kommunisten ze verdreiwen…

Richteg et waren och d‘Amerikaner, déi de saudeschen Terrorist Osama bin Laden ausgebilt hunn, him masseg Fric vir an hannen eragestach hunn, bis hir Aussepolitik sech nees verännert huet. Du war de Frënd ee Feind… Eng Amerikanesch Traditioun, déi oft déidlech zu Enn geet. Net nëmmen de bin Laden, mee och de Saddam Hussein ass esou een historescht Beispill. An d‘Welt freet sech.

Keng Konditiounen, keng Fuerderungen

20 Joer US-Besatzung, ongezielte Krichsverbriechen an d‘verhonze vu Milliarde Steiergelder, hunn näischt Opweises an d‘US-Genereel endlech agesinn: och dëse Krich ass verluer gaangen. Wuel net ganz esou dramatesch wéi sengerzäit am Vietnam, bleift awer och hei just d‘Erkenntnis, datt ausser Verloschter an massiv gestäerkten Taliban, keng Gelaf ass. An d‘Europäer ware mat vir derbäi.

Aus dem Wäissen Haus ass duerchgedrongen, datt dësen Truppenofzuch och net u Bedingunge soll geknäppt sinn. Lass geet et zimmlech kuerzfristeg, déi éischt Réckféierunge solle virum 1. Mee vun der Arméi duerchgeholl ginn. Och déi nach ronn 7.500 „aner“ Zaldote sollen sech verfuussen, an dat eigentlech – esou hat dem Mike säi Chef sech dat virgestallt – bis zu dësem hellegen 1. Mee.

D‘Taliban, déi zwar den US-Dollar, net awer den US-Bierger (egal op mat oder ouni Uniform) leide kënnen, hunn nach emol drop higewisen, datt ee Versprieche gläich engem Accord, ze respektéieren ass. Amerikaner awer halen sech net u Verträg a schonn emol guer net u Verspriechen, firwat et am Afghanistan all Dag zu „Reiwereie“ mat den Taliban an den „Alliéierten“ kënnt. Oft ass et déidlech.

A well deem esou ass huet Washington den Taliban eng Message mat op de Wee ginn. Sollten si och weiderhin international Truppe belästegen, da géif et der massiv op d‘Sabbel, natierlech militäresch. D‘Taliban, déi de speziellen, well amerikaneschen Humor, nach net esou ganz verënnerlecht hunn, erënneren drun, datt si d‘Russe verjot hunn, an datt dat richteg Kämpfer, keng Läppercher waren…

mat indymedia/was

Illustratioun: © André Klimke / unsplash

Related topics Afghanistan, bin Laden, NATO, Taliban, Truppenofzuch, US-Besatzung
Next post Previous post