Search

You may also like

Keen aushielege vun eisem Schoulsystem
International Neiegkeeten

Keen aushielege vun eisem Schoulsystem

D‘ADR ass entsat iwwert den neie Gesetzprojet vum Schoulminister, dee

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand
International Neiegkeeten

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt
International Neiegkeeten

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt

D‘Amerikaner, déi sech am Jemen net offiziell „selwer“ um Konflikt

Déi amerikanesch Haushaltsspär: „Shutdown!“ (erkläert)

Déi amerikanesch Haushaltsspär: „Shutdown!“ (erkläert)

Et vergeet kaum e Joer wou an den USA d‘Bedreeung vun enger Lähmung vum Regierungsapparat duerch eng Haushaltsspär (Shutdown) net op der Dagesuerdnung steet. Esou och dëst Joer, an dës Kéier ass dem Donald Trump senger Mauer op der mexikanescher geschëlt. Dee wëll datt fënnef Milliarden US-Dollar an d‘Budgetsgesetz, fir de Bau vun der Mauer, ageschriwwe ginn.

Haushaltsspär

De Projet gëtt an éischter Linn vun der demokratescher Oppositioun zréckgewisen, mee och ënnert de Republikaner gëtt et „ënnerschiddlech“ Meenungen zu dësem ominéise Projet. Wann se sech also net eens ginn, da kënnt et zum „Shutdown“. Wat ass dat? Wat huet et domatter op sech? Wat sinn d‘Konsequenzen? Op alle dës Froe versiche mir elo hei Äntwerten ze ginn.

Wat ass e Shutdown?

Wann den US-Kongress et net fäerdeg bréngt e Budget fir de Regierungsapparat an d‘Agencen op d‘Been ze stellen, kënnt et zum Shutdown. Dat ass einfach ausgedréckt eng Haushaltsspär, an all d‘Aktivitéite, bis op déi liewesnoutwenneg, vun der Regierung gi suspendéiert. Bei engem Shutdown gi bis zu 40% vun de Beamten entweder an den onbezuelte Congé geschéckt. Net betraff sinn all d‘Sécherheetsservicer: Arméi, FBI, d‘Geheimdéngschter an de Katastropheschutz.

Wéi oft kënnt et zu Haushaltsspär?

An den USA ass et säit 1981 zu 13 Haushaltsspäre komm, woubäi se an der Dauer ënnerschiddlech laang sinn. De längste Shutdown deen d‘USA matgemaach hunn, huet et ënnert dem Bill Clinton ginn (21 Deeg vun Dezember 1995 bis Januar 1996). Och ënnert dem Barack Obama, war et zu enger Haushaltsspär komm, well d‘Republikaner sech geweigert hunn sozial Projete wéi eng Krankeversécherung (Obamacare) ze finanzéieren. Fir den Trump ass et déi zweet an dësem Joer.

Wat sinn d‘Konsequenze vun enger Haushaltsspär?

Wann déi federal Administratiounen hir Aarbecht suspendéiert kréien, esou kascht dat richteg vill Geld, an och d‘Wirtschaft gëtt vum Shutdown direkt getraff. De leschte Shutdown (Trump – Januar 2018) ass op ronn 6,5 Milliarden US-Dollar/Woch beziffert ginn. Et gi keng Paie méi ausbezuelt, Privatfirmaen déi Staatsopträg erfëllen, kréien hir Rechnungen net beglach. Wann d‘Beamte keng Pai erhalen, huet datt – ëmmerhi sinn eng 850.000 Leit betraff – och en Impakt op den Handel.

Related topics Budget 2019, Haushaltsspär, Shutdown, USA
Next post Previous post