Search

You may also like

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun
International Neiegkeeten

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun

Well Polen op en neits géint d‘Reegele verstouss huet, huet

Europäer stinn op Koks an „H“
International Neiegkeeten

Europäer stinn op Koks an „H“

Haart Droge wéi Kokain a n Heroin ginn an der

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!

Et muss sech méi fir eis Lëtzebuerger Traditioune, Bräich an

Washington wëll Europa amerikanescht Flësseggas operzwéngen

Washington wëll Europa amerikanescht Flësseggas operzwéngen

US-Representantenhaus huet Sanktioune géint Entreprise déi un der Ostséi-Pipeline „Nordstream2“ matwierke beschloss. Mat 377 zu 48 Stëmmen ass ee Gesetzespak ugeholl ginn, an deem dës Sanktiounen agebonne sinn. Et ass dovunner auszegoen, datt den US-Senat dat och esou unhëlt.

Aus dem Wäissen Haus koum och schon d‘Confirmatioun, datt wann et säitens dem Senat keng Awänn gëtt, den US-President dëse Gesetzespak direkt wäert ënnerschreiwen. Dat dierft dann esou och nach viru Chrëschtdag de Fall sinn. D‘Sanktiounen – déi sech éischter Linn géint Entreprisen aus Däitschland an der Schwäiz wennen – sinn esouwuel wirtschaftlech wéi politesch motivéiert.

Dat Haaptargument awer: „Däitschland mécht sech vu Russland ofhängeg!“. Déi däitsch Entreprise wou um Bau vun der Pipeline Nordstream2 bedeelegt sinn hunn dës Sanktiounen entspriechend veruerteelt an bezeechnen d‘Sanktiounen als Ugrëff op déi europäesch Energiesécherheet. Si fuerdere vu Berlin „Géigemoossnamen“ ze ergräifen. De Spillraum dierft awer knapp bemooss sinn.

Elo ass et dann och esou, datt dëst „Gesetz zum Schutz vun der europäescher Energiesécherheet“ an éischter Linn d‘Entreprisen, déi héich spezialiséiert Schëffer asetze fir d‘Réier vun der Pipeline an der Ostséi ze verleeën, um Leescht huet. Et géif zudeem och déi „Turkish Stream“ Pipeline treffen, déi duerch dat schwaarzt Mier, russesche Gas an d‘Tierkei befërdere soll. Dat ass ee staarkt Stéck.

Ginn hei d‘Jalone fir en neien Handelskrich gesat?

Fir de Chef vun der däitsch-russescher Handelskummer (AHK) Matthias Schepp, kann et op déi ugedréiten US-Sanktiounen nëmmen eng valabel Äntwert un d‘Amerikaner ginn: „Et ass un der Zäit, datt sech Berlin a Bréissel op eng kloer Positioun verstännegen a mat entspriechende Géigemoossnamen op d‘US-Sanktiounen äntweren (…) Nordstream2 géif d‘Energiesécherheet an déi gënschteg Präisser fir de Gas an Europa garantéieren“.

Elo geet hei dann och primär ëm Wirtschaftsinteressen. D‘Amerikaner wëlle mat aller Muecht den Europäer den deiere Flësseggas (LNG) operzwéngen. Am Gesetz ass dann och virgesinn, datt den US-Ausseminister mam US-Finanzminister dem Kongress bannent 60 Deeg beriichten, wéi eng Schëffer vu wéi engen Entreprisë fir d‘Fäerdegstellung vun der Pipeline am Asaz sinn.

Géint d‘Manager an d‘Haaptaktionäre soll dann en Areesverbuet verhaange ginn. Bestoend Visae solle widderruff ginn an d‘Transaktioune vun de Betraffenen, déi sech op Besëtz oder geschäftlech Interesse bezéie sollen zudeem blockéiert ginn. Zu den Investisseure gehéieren esou Konzerner wéi Shell (Holland/Groussbritannien), OMV (Éisträich), UNIPER (Däitschland), Engie (Frankräich) a Wintershall (Däitschland). Nordstream2 huet awer nëmmen 1 Aktionär, an dat ass Gazprom.

Emol ganz dovunner ofgesinn, datt sech Europa net dierf vum NATO-Partner erpresse loossen, et sief ze bedenken, datt sech d‘EU-Kommissioun e Klimaplang ginn huet, deen esou eigentlech och vun de Memberlänner beim EU-Sommet gëschter ugeholl ginn ass. Do passt de Projet vun den USA nach méi Schëffer – déi jo net wierklech klimafrëndlech sinn – an d‘Ostséi se schécken éischter net.

mat indymedia/mow/ber/ams

Foto: D‘Pipeline Nordstream2 besteet aus zwee Sträng an huet eng längt (Offshore) vun 1.224 Km. Den Ausbau geet mat 3 Km/Dag virun, a soll um Enn eng 10 Milliarden Euro kaschten. Wa se bis fäerdeg ass, kann se 55 Milliarde Kubikmeter Gas pro Joer befërderen. Néng Länner sinn an dëse Projet agebonnen. © Axel Schmidt / Nordstream2 (August 2019)

Related topics Berlin, Bréissel, Flësseggas, LNG, Nordstream2, Pipeline, Washington
Next post Previous post