Search

You may also like

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
Kultur Neiegkeeten

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

money
Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur
Kultur Neiegkeeten

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

En Donneschdeg huet d‘Handelskummer hir Analys zur „Aarmut an dem

Beamten hunn ëmmer Recht
Kultur Neiegkeeten

Beamten hunn ëmmer Recht

Et ass ëmmer nees en interessanten Exercice, wann d‘Mediatrice vun

Amis des Musées … wat war op der Generalversammlung lass?

Amis des Musées … wat war op der Generalversammlung lass?

De Freideg, de 7. Mee 2021 war am Mudam d’Generalversammlung vun den „Amis des Musées“. Nodeems d’Australierin an Direktesch vum Mudam, Suzanne Cotter d’Membere begréisst huet, goufen si mat enger Filmvirféierung iwwerrascht. An dësem hunn d’Direktere vun de Muséeën hier Visiounen zum Ausdrock bruecht.

De Film ass ënnert der Regie a mat der Ënnerstëtzung vun der Banque de Luxembourg, vum talentéierte Vito Labalestra realiséiert ginn. Frënn, Botschafter vun de Muséeën esou wéi Schauspiller spillen d’Roll vun den ëffentlechen Déngschter an ergänzen dat, wat scho besteet. Si hunn d’Missioun der Ëffentlechkeet d’Muséeë méi no ze bréngen- jiddereen erfëllt dës Aufgab mat Dynamik a Begeeschterung. An dat bannent dem esou wéi ausserhalb dem Land. Déi zweet Missioun ass einfach ze erfëllen, et geet drëm Muséeën duerch reegelméisseg Spenden ze ënnerstëtzen (ongeféier 250 Spenden am Laf vun der Zäit).

Dees weidere gouf wärend der Generalversammlung iwwert d’Aktivitéite geschwat, déi an dem éischter ongewéinleche Joer 2020 geplangt waren. De Veräin, dee ronn 1.700 Memberen huet, huet sech net duerch de Virus kleng kréie gelooss. Si hunn hir Ënnerstëtzung oprechterhalen a Linke vu Websäite vun nationalen an internationale Muséeën an de soziale Medie gedeelt. Eben alles wat virwëtzeg a Loscht op méi Konscht a Geschicht gemaach huet.

Nodeems d’Dieren erëm opgemaach hunn, huet sech missen nei organiséiert ginn – d’Anhale vun de Sécherheetsmoossnamen an méi kleng Visitten. D’Associatioun Amis des Musées huet 81 kulturell Visitten organiséiert, et hunn 892 Visiteuren deelgeholl. Allerdéngs hunn 39 Veranstaltunge missen ofgesot ginn, well d’Sécherheetsmoossnamen sech geännert haten.

Amis des Musées huet am Joer 2020 hiert éischt Kannerbuch am Optrag vum Marie-Isabelle Callier op de Marché bruecht. D’Autorin an Illustratorin war fir Bild an Text zoustänneg. An Aquarell gezeechent riicht sech d’Buch u Kanner vun 3 bis 10 Joer, ma och Grousser hunn hire Spaass drun. D’Buch ass Deel vun engem Projet: Kanner solle Konscht a Kultur kenneléieren a virwëtzeg op Muséeën, eist Ierwen an op d’kënschtlerescht Schaffe ginn. Zemools elo mat den Aschränkungen ass d’Buch eng gutt Geleeënheet Konscht an eis Haiser ze bréngen.

Wärend der Generalversammlung gouf nach festgestallt, datt d’Joer 2021 gutt ugefaangen huet – an dat mat 72 Visitten a 615 Visiteuren, sou wéi der Hoffnung dem Stater Musée um Enn vum Joer eng Spend zoukommen ze loossen. De Virstand huet sech eppes verännert: Mam Fatah Boudjelida an dem Nadine Metzler-Erpelding ginn nei Memberen, déi sech fir Konscht interesséieren, begréisst.

Illustratioun: Ee Besuch am Nationalhistoresche Konschtmusée (MNHA) ass – an dat gëllt esou eigentlech fir all eis Lëtzebuerger Muséeën – ëmmer och eng Rees an eng aner Welt. © MNHA (Archivfoto)

Related topics Amis des Musées, Generalversammlung, Kultur
Next post Previous post