Search

You may also like

Fir de Fridden an der Welt
Neiegkeeten

Fir de Fridden an der Welt

Wëll de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) seng däitsch Homologin

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied
Neiegkeeten

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied

Déi éischt Editioun vun der European Cinema Night wäert vum

De Sudan an d’Genitalverstümmelung: En éischten Schrëtt an déi richteg Richtung
Neiegkeeten

De Sudan an d’Genitalverstümmelung: En éischten Schrëtt an déi richteg Richtung

Vun der weiblecher Genitalverstümmelung huet wuel jiddweree schonn héieren, an

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz

Beim Verband vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) ass d‘Opreegung grouss. Si haten ewell op dat schäerfst de Gesetzprojet 7056, deen als Spidolsgesetz bekannt ass, veruerteelt. Si haten an deem Zesummenhang och de Public op d‘Geforen higewisen déi et enthält.

An hirem Communiqué vun dësem Méindeg, fillen se sech genéidegt nach eng Kéier de Sujet opzegräifen. Hei gëtt esouwuel der Regierung wéi och dem Staatsrot virgeworf, alles drun ze setzen der „Gewerkschaft“ vun den Doktere wëllen e Maulkuerf unzedoen, an se vun allen Entscheedungen auszeschléissen.

Si bedaueren dann och an éischter Linn, datt de Projet esou wéi en an d‘Chamber gaangen ass, vun der Spidolsadministratioun beaflosst ginn ass. D‘Gesetz géif d‘Vertraue vun de Patiente géintiwwer hiren Dokteren a Fro stellen. Zudeem wier d‘Gesetz ouni Berodung mat der AMMD ausgeschafft ginn, well een aus wirtschaftlecher Begrënnung d‘Dokteren am Spidol ënner „Momper“ setze wëll.

Et hätt vill Asaz a Mobiliséierung säitens der AMMD gefuerdert, fir datt no Dosenden Entrevuë mam Gesondheetsministère, dat inkoherent Gesetz konnt entspriechend de Fuerderunge vum Verband „korrigéiert“ ginn. Den initiale Gesetzprojet vun der Gesondheetsministesch war deemno näischt aneres wéi onräif a schlecht redigéiert.

A Saache Spidol kompetent

Unhand vun de verschiddenen a widderhuelten Interventiounen, esou d‘AMMD, hätt een däitlech gemaach, datt de Spidolssecteur ee vun de Schlësselgebidder vu senger Kompetenz wier. D‘AMMD wëll dann och wëssen, datt si et sinn, déi zanter Joerzéngten eng maassgeeblech Roll spille fir de Patienten hir elementar Rechter ze erhalen.

Et wier deemno d‘AMMD déi et bis elo verhënnert hätt, datt schlecht Gesetzer a falsch Innovatiounen am Spidolssecteur op fruchtbare Buedem gefall wieren. E Grond méi „perplex ze sinn virum politesche Wëllen d‘AMMD vun al legislativem Prozess auszeschléissen“, esou de Communiqué. Si wiere vun allen Diskussiounen ausgeschloss ginn, an dat deels mat zweiwelhafte Methoden.

Bei der AMMD geet een dovunner aus, datt hir Kritik de richtegen Nerv getraff muss hunn, well elo alles dru gesat gëtt, de „gewerkschaftlechen Afloss“ ze briechen. Dat dann awer nodeems déi verrécktsten an geféierlechste Passagen „vun hinnen“ aus dem Gesetz, am Interesse vun de Patiente „gestrach“ goufen.

Esou gesäit een dann och bei der AMMD den Artikel 32 vum Spidolsgesetz als en direkten Ugrëff op hir gewerkschaftlech Positioun. Dësen Artikel 32 nämlech regelt d‘Zoustännegkeet vun der nationaler Konferenz vun de medezinesche Réit (CNCM). A beim Verband Freed ee sech „op all d‘Membere vum Staatsrot sech der Konsequenz bewosst sinn déi vun de leschten zwee Avise vun der héijer Kierperschaft ausginn“.

Vun de Sozialiste verrode ginn

Et dierft der CSV gefalen, datt et grad d‘AMMD ass, déi hinne knapp e Joer virun de Chamberwahlen d‘Sozialisten op engem Plateau zerwéiert. De Verband vun den Doktere well nämlech wëssen, datt dës „Initiativ“ vun de Parteiverantwortleche bestallt ginn ass, mamm erkläerten Zil déi gewerkschaftlech Aktivitéit ze ënnergruewen.

Wann een nämlech, esou wéi dat mam Artikel 32 virgesinn ass, der CNCM eng méi „aktiv Roll“ bei der interner Organisatioun vun de Spidäler, besonnesch am Bezuch op d‘Zesummenaarbecht mat fräischaffenden Dokteren, géif zouschanzen, kéim dat engem Ausschloss vun der AMMD gläich.

Bei der AMMD geet dann och ganz däitlech vu „Manipulatioun“ an „Täuschung“ geschwat. D‘Roll vun der CNCM innerhalb de Spidäler géif sech op d‘Verhandlunge mat de fräischaffenden Dokteren auswierken an d‘Interaktioun vun der AMMD als Gewerkschaft verhënneren. „Mat engem Fiederstréch, hätten d‘Auteure vum komplementaren Avis vum Regierungsrot der CNCM d‘Kompetenz als Ënnerhändler fir d‘Kooperatiounsverträg erdeelt“.

„Esou eng gewerkschaftlech Attributioun vun der CNCM hätt ni Friichte gedroen an déi medezinesch Beroder wieren dann och weiderhin der Meenung, datt hire Rôle sech op d‘Zesummenaarbecht an déi medezinesch-technesch Organisatioun soll begrenzen, an net sech juristesche Problemer unzehuelen, wéi beispillsweis d‘Diskussioun mat der FHL zum Inhalt vun de Verträg déi d‘Dokteren un d‘Spidäler bannen“.

En Affer vun der Politik

Deemno sollt een dovunner ausgoen, datt d‘Léisung, déi vun der Gesondheetsministesch virgezu gëtt a vun der héijer Kierperschaft als „politesch Entscheedung“ gutt geheescht gëtt, d‘Aarbecht vun der Gewerkschaft net nëmmen a Fro stellt, mee och hir Representativitéit ausklammert

„D‘Manipulatioun vun der héijer Kierperschaft (…) d‘Täuschung vun de Membere vun der Gesondheetskommissioun während dem Vote vum genannten Amendement, déi drop aus de Corps Medical ze splécken an d‘AMMD ze schwächen, verlaangen eng ferm Denonciatioun an politesch Konsequenzen“, esou de Communiqué.

Déi Aart a Weis wéi d‘Gesetz 7056 ausgeschafft ginn ass, sollt alle Gewerkschaften eng Warnung sinn. Elo sollten d‘Gewerkschaften sech alleguerten drop astellen, datt de politesche Pouvoir hinnen de Mond ka verbidden, wann hir Messagen net gefalen.

Zudeem ass ee bei der AMMD der Meenung, datt de Gesetzprojet an senger aktueller Form, net de Prinzipie vun der Fräiheet sech ze Vereenegen entsprécht, an zudeem och net de Prinzipie gerecht gëtt, laut deenen all d‘Aarbechter esou wéi vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun -dat an hire Konventioune CO87 an CO98 – virgesinn a vu Lëtzebuerg ratifizéiert, d‘Amësche vun den Autoritéiten a Gewerkschaftsaarbecht verbitt.

Related topics AMMD, Gesetz 7056, Gesondheetsministère, Lydia Mutsch, Regierungsrot
Next post Previous post