Search

You may also like

Opgepasst! Chantier um Echangeur Stroossen (A6)
International Neiegkeeten

Opgepasst! Chantier um Echangeur Stroossen (A6)

E Samschdeg 7. September kennt et wéinst engem Schantjen zu

Staatsvisitt zu Lëtzebuerg: De Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde op Besuch
International Neiegkeeten

Staatsvisitt zu Lëtzebuerg: De Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde op Besuch

Gëschter Moien ass déi kinneklech belsch Koppel häerzlech bei eis

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!

Sidd Dir begeeschter vun Hobbits, Mittelerde, Elben an dem Gollum?

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten

Nodeems d‘Police zu no der riseger Explosioun am Hafe vu Beirut eng réi Responsabel verhaft huet an d‘Regierung eng onofhängeg international Enquête ausgeschloss hat, soll Interpol elo bei dësen Ermëttlungen eng Hand upaken.

Bei der Explosioun am Hafe vu Beirut, déi bis ewell mindestens 150 Affer an iwwer 5.000 Mënsche verletzt huet, ass quasi d‘Hallschent vun der libanesescher Haaptstad zerstéiert ginn. Op d‘mannst 300.000 Mënschen hunn den Dach iwwert dem Kapp verluer. Esou en Incident verlaangt d‘Sich no verantwortlechen a wärend déi éischt international Rettungsmannschaften op der Plaz alles an hirer Muecht stoend ze maachen, fir weider Iwwerliewend ze fannen, huet et éischt Verhaftunge ginn.

Ausléiser vun der Explosioun ass eng Charge Ammoniumnitrat, déi viru sechs Joer ënnert nach net endgülteg gekläerte Konditiounen am Hafe gelagert gi war. Am Kontext vun den Ermëttlungen si mëttlerweil den Direkter vun der Douane, Badri Dahir a säi Virgänger Schafik Mirhi, wéi och den Direkter vum Hafen, Hassan Kuraitim vun der Police verhaft ginn. Um Mëttwoch hat d‘Police zu Beirut scho 16 Mataarbechter vum Hafe festgeholl. Wat hei genee virgeworf gëtt, ass net gewosst.

Accident oder Uschlag?

Nodeems den Donald Trump d‘Rumeur gestreet hat, datt et sech hei ëm eng „Attack“ handele muss, well d‘Generäl aus dem Pentagon him dat esou verständlech gemaach hätten, koum et wéi erwaart zu onbegrënnte Spekulatiounen. Dem Milliardär seng Conseillere schéngen et wuel fir Opportun ze halen, dëse Virfall propagandistesch géint déi Aflossräich Hezbollahmiliz anzesetzen. Där hire Chef Hassan Nasrallah huet dës „Uspillungen“ entschidden zréckgewisen an eng Erklärung ofginn.

Op der Tëlee huet dëse matgedeelt: „Eis Organisatioun huet näischt am Hafen. Kee Waffelager, keng Rakéiten, keng Bomm, keng Gewierer a keng Kugelen, jo net emol Nitrat. Mir hunn am Hafen absolutt näischt, net fréier, net haut an och net an Zukunft. Mir kontrolléieren och net den Hafen“. Eng vu villen Observateure vun der libanesescher Politik als Kredibel bewäerten Ausso. Et géif keen Unhaltspunkt, datt d‘Hezbollah eppes mat den 2.750 Tonnen Ammoniumnitrat ze dinn huet.

International Ënnerstëtzung

Nodeems den Emmanuel Macron en Donneschdeg perséinlech zu Beirut war an dem Land déi voll Ënnerstëtzung vu Frankräich zougesot huet. (Frankräich huet direkt Spezialisten an Hëllefsgidder op d‘Plaz geschéckt) huet den Elysée eng international Geber-Konferenz aberuff. Un dëser Video-Konferenz wëll sech och den US-President bedeelegen. Och Bréissel mécht mat: ugemellt hunn sech de Rotspresident Charles Michel an den EU-Kommissär fir humanitär Hëllef, Janez Lenarcic.

Um Freideg huet de Milliardär via Twitter verkënnt, datt seng Regierung Hëllefsgidder am Wäert vu 15 Milliounen US-Dollar bereetstellen. Rettungsmannschaften, medezinesch Ausrëschtung, Liewensmëttel a Waasser wieren – verdeelt op dräi Groussraumfrachter – a Richtung Beirut ënnerwee. Den Ëmfang vun dëser Hëllefsliwwerung wier geduecht fir bis zu 60.000 Mënschen dräi Méint laang versuergen ze kënnen. Zesumme mat deenen anere wier esou d‘Versuergung geséchert.

mat indymedia/ams/bei/tlv/nyc/bru

Illustratioun: Wat een zu Ammoniumnitrat wësse muss: Ammoniumnitrat schmëlzt bei knapp 170°C an zerfält heibäi och zu Waasser a Laachgas. Bei iwwer 300°C oder enger staarker Initialzündung explodéiert den Ammoniumnitrat. Dëst Produkt gëtt als „mëttelstaarke“ Sprengstoff betruecht, seng Detonatioun ass gutt véier mol méi kräfteg wéi Schwaarzpolfer awer nëmmen hallef esou staark wéi TNT. D‘Ofbrandgeschwindegkeet bei der Detonatioun vun Ammoniumnitrat läit béi 2.500 Meter an der Sekonn. Seng chemesch Formel: NH4NO3

Related topics Ammoniumnitrat, Beirut, Explosioun, Häfen, Libanon
Next post Previous post