Search

You may also like

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!
International Neiegkeeten

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

An dat huet elo och den Trump verstanen, deen an

Fir d’Sécherheet: Alles falsch verstanen?
International Neiegkeeten

Fir d’Sécherheet: Alles falsch verstanen?

D’Matdeelung vun der VDL, datt vum 1. Dezember 2020 bis

CONGÉS ANNULÉS mat Autumn Sweater an dem Bartleby Delicate!
International Neiegkeeten

CONGÉS ANNULÉS mat Autumn Sweater an dem Bartleby Delicate!

Nodeems e Samschdeg de summerleche Festival CONGÉS ANNULÉS seng Opening

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut

Iwwer 80 Affer an eng 3.700 Verletzter huet et gëschter an der libanesescher Haaptstad ginn

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut

Laut dem offizielle Wuertlaut, kéint eng Charge vun 2.750 Tonnen Ammoniumnitrat d‘Ursaach vun enger verheerender Explosioun sinn, déi Beirut gëschter am spéiden Nomëtteg erschüttert huet. Bis ewell si mindestens 80 Mënsche verstuerwen, ëm 3.700 si verletzt ginn. D‘Spideeler sinn däitlech iwwerlaascht, international Hëllef ass ugefrot an d‘Sich no weideren Affer gestalt sech schwiereg.

Kilometeren iert ee Beirut erreecht sinn d‘Folge vun dëser Explosioun erkennbar. Schierbelen op de Stroossen, agedréckte Rolllueden a Mënschen déi geschockt virun hiren Haiser stinn. An der Stad selwer bitt sech engem e Bild wéi no engem Loftugrëff. Wou een hikuckt, iwwerall gesäit ee Leit déi entweder Schnëttwonnen oder soss „liicht“ Blessuren opweisen. D‘Lag ass oniwwersiichtlech.

D‘Ausmooss vum Leed an der Zerstéierung ass erschreckend. D‘Drockwell vun der Explosioun huet de gesamte Stadzentrum gehéiereg a Matleedschaft gezunn. D‘Libanese déi nieft enger zolitter Wirtschaftskris och mat der Covid19-Pandemie ze kämpfen hunn, verlaange vun der Regierung Äntwerten zur Ursaach a wéi et méiglech ass, datt esou eppes iwwerhaapt konnt geschéien.

Wat d‘Ursaach betrëfft, esou heescht et säitens den Autoritéiten, datt Ammoniumnitrat (2.750 Tonnen) dat an enger Lagerhal am Hafe vu Beirut gelagert war, explodéiert ass. Dëse Grondstoff fir d‘Hierstellung vun Düngemëttel hätt zanter sechs Joer hei geleeën, ouni datt een do gréisser Sécherheetsoplage gelagert hätt. Dat mat der Sécherheet ass an der Regioun generell e Problem.

Zum Schued selwer kann ee roueg behaapten, datt et sech – wann een dann emol vun den diverse militäreschen Interventioune vun Israel ofgesäit – heibäi ëm déi gréissten Explosioun am Libanon gehandelt huet. D‘Drockwell huet massive Schued an engem Ëmkrees vu mindestens 20 Kilometer ugeriicht. Den Ament siegéiert den nationale Sécherheetsrot, fir eng éischt Analys ze maachen.

De President vum Libanon, Michel Aoun, verlaangt Opklärung doriwwer, firwat esou Wueren ongeséchert am Hafe gelagert goufen. De Ministerpresident Hassan Diab huet fir haut Staatstrauer ausgeruff. International Hëllef gouf mëttlerweil vun Israel an der EU ugebueden. Den Donald Trump huet zu Washington erkläert, datt et sech hei nëmmen ëm een Attentat handele kann.

mat indymedia/tlv

Bild: Den Hafe vu Beirut no der Explosioun © Al Jadeed TV (courtesy)

Related topics Ammoniumnitrat, Beirut, Explosioun, Häfen, Libanon
Next post Previous post