Search

You may also like

Loscht op Héichuewen?
International Neiegkeeten

Loscht op Héichuewen?

Op der Friche „Belval“ wou zolidd an d‘Erhale vun der

Existenzsécherend Präisser fir d’Landwirtschaft amplaz „Socialwashing“
International Neiegkeeten

Existenzsécherend Präisser fir d’Landwirtschaft amplaz „Socialwashing“

Zu Lëtzebuerg soll en neien Zertifizéierungs- a Qualitéitssystem fir Liewensmëttel

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun
International Neiegkeeten

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam

Amnesty International: Wierder sinn Hoffnung

Och ee klengen Asaz kann eng grouss Wierkung entfalen

Amnesty International: Wierder sinn Hoffnung

Am leschte Joer, huet Amnesty International dozou bäigedroen, dem Magai säi Liewen ze retten, hie war am Südsudan zum Dout verurteelt ginn. An dat mat knapp fofzéng Joer…

Och hunn si de Kampf fir d’Urawunner vu „Grassy Narrows“ a Kanada gewonnen, déi ënnert den Effekter vu Quecksëlwervergëftung leiden: en Accord fir e Gesondheetszentrum ze baue gouf endlech ënnerschriwwen.

Schreiwen hëlleft

Méi wéi 1,2 Milliounen Noriichte goufe weltwäit verschéckt an hunn dozou bäigedroen, datt d’Prisongsstrof vum iranesche Mënscherechtsaktivist Yasaman zolidd reduzéiert gouf. Et waren Är Bréiwer, Noriichten an Tweets wärend dem Bréifmarathon “Write for Rights“, déi d’Liewe vun de Mënschen, déi Amnesty International 2019 ënnerstëtzt huet verännert hunn.

AmnestyAm Joer 2019 gouf d’Yasaman Aryani zu 16 Joer Prisong verurteelt, well hatt an engem Zuch Blumme verdeelt huet, ouni e Schleier ze droen. Am Februar 2020 gouf seng Strof reduzéiert, ënner anerem, wéinst de méi wéi 1,2 Milliounen Noriichten aus aller Welt, déi hier Fräiloossung fuerderen! ©privat

Dofir ass dësen Opruff nees eppes ganz Besonnesches – et kann nees Liewe veränneren. Mat Ärer Hëllef ass dat méiglech! Op der Amnesty International-Websäit kënnt Dir Petitioune mat just engem klenge Klick ënnerschreiwen an 10 Persounen ënnerstëtzen.

Déi Mënschen, déi haut vun Iech gehollef kréien, schaffen dorunner d’Welt zu engem besseren Uert ze maachen. Si fuerdere Gerechtegkeet an d’Uechtung vun de Mënscherechter fir jiddereen. Vill vun dëse Persoune ginn inhaftéiert, verschwanne gelooss an ugegraff. Dës Mënsche brauchen Är Ënnerstëtzung. Är Ënnerschrëften, Bréiwer un d’Autoritéiten a Messagë vu Solidaritéit hëllefen de Leit a Nout.

AmnestyAm Februar 2016 gouf den Albert Woodfox no 44 Joer isoléierter Verhaftung an engem US Prisong endlech fräigelooss. “Ech kann net genuch soe wéi vill et heescht Bréiwer aus der ganzer Welt ze kréien. Et huet mir meng Selbstuechtung zréckginn … [a] Kraaft. © Pierre-Yves Brunaud / Picturetank

Wann Dir Zweiwel hutt, hei sinn e puer Wierder vum Marinel, e jonken Aktivist fir de Klimawandel aus de Philippinnen, deen sech beim Marathon of Letters 2019 agesat huet:

Dës Write for Rights-Kampagne huet meng Siicht op mäin Aktionismus staark verännert. En huet mech motivéiert méi u mech ze gleewen. Mir gouf kloer, datt Zuelen eng tatsächlech Stäerkt ass.”

Wa mir zesummen handelen, si mir méi staark. Maacht och eppes!

Merci fir Äert Matgefill an Är Solidaritéit. Dank Ärer Ënnerstëtzung, verännere mir Liewen! Et gi vill Méiglechkeete bei der Verännerung dobäi ze sinn – schreift fir Write for Rights. Dir maacht den Ënnerscheet am Liewe vun dëse Mënschen: ënnerschreift eng Petitioun, schreift e Bréif, schéckt e Message vu Solidaritéit oder organiséiert selwer e Bréifschreiwen-Atelier.

AmnestyAm Mäerz 2019 huet dem Goulzar Douichenova seng Campagne fir d’Rechter vu Leit mat Behënnerungen endlech gelount: Kirgisistan huet d’Konventioun iwwer d’Rechter vu Leit mat Behënnerungen ënnerschriwwen. Aktivisten hunn bal 250.000 Messagë geschéckt fir säi Kampf z’ënnerstëtzen. © Svetlana Zelenskaya / Amnesty International

Och an Zäite vun dee Coronavirus-Pandemie an de Sécherheetsmoossname kënnt Dir d’Bréiwer doheem mat Ärer Famill schreiwen (oder online mat Frënn). Schéckt e Bréif un d’Autoritéite fir esou ze hëllefen d’Saachen ze änneren (Kinnek / Kinnigin, President, Policechef …).

Dir kënnt e Message un déi Persoun oder Grupp schreiwen, fir déi mir kämpfen, fir hinnen ze weisen datt mir se ni wäerte vergiessen. All Bréif zielt a gëtt Hoffnung! Dir kënnt dëst ganz einfach mat eisem Formulaire maache – dee kann op dëser Säit erofgeluede ginn – souwéi e Schreifkit fir d’Presse, Petitiounen, Modellbréiwer un d’Autoritéiten, Presentatiounen a Pousteren.

AmnestyDe Magai Matiop Ngong war nëmme 15 al, wéi hien zum Doud verurteelt gouf. Awer dank der onheemlecher Ënnerstëtzung vu Leit wéi Dir, gouf säin Doudesurteel am Juli 2020 annuléiert. „Villmools Merci. Ech hu keng Wierder. Dir kënnt net wësse wéi voller Gléck mäin Häerz ass. © Amnesty International

All Joer kënnt et opgrond vun de Bréiwer zu Verännerungen. Zu onrecht inhaftéiert Persoune  gi fräigelooss, déi fir Gewalt Verantwortlecher gi virun e Geriicht gestallt an aner Inhaftéiert ginn erëm méi human behandelt. Et lount sech also!

Illustratioun: © Krismas / unsplash

Related topics Amnesty International, Mënscherechter, Rechtsstaatlechkeet, Solidaritéit, write 4 rights
Next post Previous post