Search

You may also like

Aus der Chamber: Police-Reform
International Neiegkeeten

Aus der Chamber: Police-Reform

Et ass gëschter an der Chamber net nëmmen ëm de

De Lëtzebuerger Automobil-Sportler 2018 steet fest!
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Automobil-Sportler 2018 steet fest!

Gëschter Owend war am Casino 2000 zu Mondorf-les-Bains nees eng

Iessen an der Zär: Wéi d’Gastronomie sech un déi sozial Distanz upasst
International Neiegkeeten

Iessen an der Zär: Wéi d’Gastronomie sech un déi sozial Distanz upasst

De Restaurant Mediamatic ETEN zu Amersterdam passt sech mat senge

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht gëtt, ass ze enthuelen, datt d‘Zuel vun den Hiriichtunge weltwäit Réckleefeg ass. Och d‘Lëscht vun de Länner, an deenen d‘Doudesstrof ofgeschaaft ass, ass mat Guinea an der Mongolei eppes méi laang ginn.

An 23 Länner sinn 2017 993 Hiriichtungen ausgefouert ginn. Eng Baisse vu 4% géintiwwer 2016, an eng Baisse vun 39% géintiwwer 2015, dat Amnesty International als trauregt Rekordjoer, mat net manner wei 1.634 Hiriichtungen, bezeechent.

Wierklech erfreeë kann ee sech dann trotzdeem net, well dës Statistike schléisse China aus. China, e Land wou d‘Doudesstrof och zur Hiriichtung féiert, hält seng Zuelen ënner Verschloss. Laut den Zuele vun AI, ginn déi meeschten Hiriichtungen am noen an mëttleren Osten ausgefouert.

Den Iran, Irak, Pakistan a Saudiarabien verbuchen zesumme 84% vun den Hiriichtungen, déi weltwäit gemellt ginn. Mee och an dëse Länner gi manner Mënschen dem Henker virgefouert. Am Iran huet et 11% an am Pakistan esouguer 31% manner Hiriichtunge ginn.

An der Ofrechnung identifizéiert AI eng remarkabel Baisse vun den Hiriichtungen, notamment a Wäissrussland. Hei ass d‘Zuel vun den Exekutiounen ëm d‘Hallschent reduzéiert ginn. Mat enger Baisse vun 20%, kann een och an Egypten vu „Verbesserung“ schwätzen.

Besser ass et och am subsahareschen Afrika ginn. Begréisst gëtt besonnesch, datt Guinea dat 20. Land aus der Regioun ass, datt sech entscheet huet d‘Doudesstrof ofzeschafen. Och hei huet et wesentlech manner Hiriichtunge ginn: 878 fir d‘Joer 2017, géintiwwer 1.086 am Joer 2016.

Et gëtt nach vill Loft no uewen

Gambia huet sengersäits en internationalen Traité ënnerschriwwen, dat dem Land operleet, keng Hiriichtunge méi auszeféieren. Zudeem huet sech Gambia mat dësem Traité derzou verflicht, d‘Doudesstrof ofzeschafen. Informatiounen zum Zäitraum ginn et nach net.

„D‘Evolutioun déi am subsahareschen Afrika bemierkt gëtt, stäerkt d‘Hoffnung, datt d‘Ofschafe vun de grausamen, onmënschlechen an ofwäertende Sanktioune méiglech ass“, betount d‘Salil Shetty, Generalsekretärin vun Amnesty International.

Et wier dann och e Fortschrëtt „deen et verdéngt hätt unerkannt ze ginn“, deklaréiert de Makmid Kamara, Adjoint vum Direkter vum Programm zu de globale Froen. Hie géif et dann och begréissen, wann déi virgeluecht Zuelen aner Regierunge kéinten e Beispill sinn.

Weltwäit hu bis haut 142 vun 195 Länner d‘Doudesstrof „juristesch oder de facto“ opgehuewen, 106 Länner hunn se endgülteg ofgeschaaft. Zuelen déi wuel positiv sinn, net awer dierfen doriwwer ewechtäuschen, datt Enn 2017 weltwäit 21.919 Mënschen am Doudestrakt gesiess sinn.

An dësem Kontext, wëll AI och nach emol drop hiweisen, datt a ville Länner, wou d‘Doudesstrof ugewannt gëtt, déi Veruerteelt keng fair Verhandlung no internationale Standarde kritt hunn. Dat bezitt mat an, datt de Beschëllegten d‘Geständnis duerch Folter erzwongene ginn ass.

mat AFP

Foto: Demonstranten zu Paräis (Archivbild vum Abrëll 2015) manifestéiere mat Plakater vun Amnesty International géint d‘Doudesstrof. © Thomas Samson/AFP

Related topics Amnesty International, Doudesstrof
Next post Previous post