Search

You may also like

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt
International Neiegkeeten

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt

Nom Verloscht vun zwee Mandater an der Feststellung, datt „déi

Editorial: Prost Neijoer!
International Neiegkeeten

Editorial: Prost Neijoer!

Eng laang Nuecht geet op en Enn, fir déi wou

geeksurprise
A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren
International Neiegkeeten

A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren

Mam neie Gesetz gëtt sech déi russesch Regierung eng eegent

Amoklaf an der Pak-Statioun zu Indianapolis

Huet ee fréiere Fedex-Mataarbechter huet seng Kënnegung net verquësst?

Amoklaf an der Pak-Statioun zu Indianapolis

Beim Amoklaf am Lager vun der Logistikentreprise zu Indianapolis (Indiana) déi lescht Nuecht, sinn aacht Mënschen erschoss ginn. Siwe weider Fedex-Mataarbechter sinn deels schwéier vum Täter, dee sech wuel no der Dot selwer erschoss huet, blesséiert ginn.

An dësem Verdeelerzentrum schaffe jo no Auslaaschtung a Schicht bis zu 4.000 Persounen. Fir de Spriecher vun der Entreprise, Jim Masilak, handelt et sech heibäi ëm en tragescht Ereegnes. Hien huet ënnerstrach, datt bei Fedex, d‘Sécherheet vun de Mataarbechter déi allergréisste Prioritéit huet, an hien sech esou ee Virfall net erkläre kann. Et géif ee ganz enk mat de Police zesummeschaffen.

Fedex

Beim Täter, esou de Policechef Craig McCartt, handelt et sech ëm ee jonke Mann vun 19 Joer, deen nach 2020 hei am Verdeelerzenter beschäftegt war. Esoulaang wéi d‘Ermëttlunge lafen, kéint hie keng Aussoen zu méigleche Motiver maachen. Mataarbechter déi net wëlle genannt ginn (Fedex huet Uweisung ginn net mat Journalisten ze schwätzen) schwätze vu Mobbing an Entloossung.

Et ass awer emol nees ee vun de gréissere Virfäll, vun deenen et der all Dag honnerten an den USA huet. 2021 huet et dëser „gréisserer Fäll“ schonn ee puer ginn, an dat wäert sech och net änneren. De Joe Biden huet sech wuel virgeholl eng Reform vum Waffegesetz duerchzesetzen, wat awer an dësem Land esou wuel net duerchzesetzen ass. Amerika besteet aus méi Waffe wéi et Bierger huet.

mat indymedia/ind

Illustratioun: © Liam Kevan / unsplash

Related topics Amoklaf, Fedex, Indiana, Indianapolis, Schéisserei, USA, Waffegesetz
Next post Previous post