Amoklaf an der Univesitéit Heidelberg

Géint 12:30 Auer huet en 18 Järegen an engem Hörsaal vun der Universitéit Heidelberg seng Waff gezunn an ugefaangen ze schéissen. Dobäi si 4 Studente blesséiert ginn, ee vun hinnen ass och spéider un de Verletzunge gestuerwen.

Um fréie Méindegnomëtteg ware ronn 30 Studenten am Sall um Campus „Neuenheimer Feld“. E puer Deeg virun der Dot huet den Täter sech Waffen am Ausland besuergt a sech schliisslech, equipéiert mat enger Doppelflinte, enger Repiertierwaff an 100 Schoss Munitioun am Rucksak, op de Wee an d’Universitéit gemaach.

Bei senger Attack huet hien Studentinnen am Alter vun 19, 20 an 23 Joer, sou wéi een 20 järege Student ugeschoss. Nach am Nomëtteg ass déi jonk Fra vun 23 Joer am Universitéitsspidol un de Blessure gestuerwen.

Amoklaf zu Heidelberg
Uni Heidelberg / Twitter

No der Dot am Hörsaal goung et vir den Täter eraus an d’Géigend vum Botanesche Gaart, wou hie sech selwer ëmbruecht huet. Entwarnung vun der Police gouf et kuerz viru 16 Auer, d’Beamte gi vun engem Eenzeltäter aus. Wéi et bei der Pressekonferenz geheescht huet, hätt et sech beim Täter ëm e Biologie-Student gehandelt.

D’Läiche vum 18 Järegen Täter an dem 23 järegen Doudesaffer goufe fir eng Obduktioun an den Institut fir Rechtsmedezin vun der Universitéitsklinick bruecht. D’Wunneng vum Amokleefer zu Mannheim sou wéi d’Raimlechkeete bei den Elteren goufen duerchsicht. Dobäi ass digitaalt Material séchergestallt ginn, dat aktuell nach analyséiert gëtt.

„Mir all si schockéiert an entsat iwwert den Amoklaf, dee sech haut am Neuenheimer Feld ofgespillt huet,“ sou den Eckart Würzner, Buergermeeschter vun der Stad Heidelberg. Um Campus géif d’Häerz fir d’Wëssenschaftsstad Heidelberg schloen. Mënschen aus der ganzer Welt studéieren, fuerschen a schaffen u Léisunge fir eng besser Zukunft, heescht et virun.

Amoklaf zu Heidelberg
Stadt Heidelberg / Twitter

Ëm 400 Poliziste waren am Asaz, dorënner och de Mobillen Asazkommando an de Spezialasazkommando Göppingen. D’Motiv vun der Dot ass net bekannt.

Dernières nouvelles