Search

You may also like

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?
Kultur Neiegkeeten

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?

De Confinement belaascht d‘Bevëlkerung wéi d‘Wirtschaft gläichermoossen an dësen Zoustand

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren
Kultur Neiegkeeten

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

An engem oppene Bréif riicht sech de Lëtzebuerger Automobilclub elo

money
Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

De Prinzip vum bedéngungslose Grondakommes um „Terrain“ ausprobéieren, fir en

Amour fou: E Film maachen a Covid19-Zäiten ass en Challenge

Amour fou: E Film maachen a Covid19-Zäiten ass en Challenge

Den 11 August hunn d’Dréiaarbechte vum Film UNE HISTOIRE PROVISOIRE  ugefaangen. Eigentlech hätt en am Mäerz gedréit solle ginn, et ass den éischten Amour fou-Film, deen ënnert de COVID-19 Sécherheetsmoossname produzéiert gëtt. Bis elo ass alles gutt gelaf.

D’Dréiaarbechten daueren 21 Deeg am Lëtzebuerger Zentrum a 7 Deeg an der Schwäiz. D’Protagonisten vum Film sinn dee Sacha, en jonke, Schwäizer Publizist an d’Marjan, eng iranesch Fra mat Kappduch.

Wourëms et an desem Film geet

An enger Airbnb-Wunneng kollidéieren zwou Welte mateneen – et ass eng skurril, dramatesch Komedie.

Déi zwee ënnerschiddlech Personnagë sinn an enger Wunneng confinéiert. Allen zwee wärend enger Liewensverännerung a mat engem grousse Bedürfnis eleng ze sinn. An dëser Wunneng schéngt d’Zäit stoe bliwwen ze sinn – se huet de Grousseltere gehéiert. Et ass eng besonnesch Atmosphär, déi vun der Kamera agefaange gouf. Et brauch eng Zäit, bis datt déi zwee waarm matenee ginn, eng drëtt Persoun bréngt nach méi Liewen an d’Wunneng. Et gëtt eng Geschicht iwwer d’Noutwendegkeet vu Verännerung. Ëm d’Hannerfroen an d’Liewen.

Fou

(v.l.n.r.) Felipe Castro a Pooneh Hajimohammadi © Ricardo Vaz Palma / Amour fou Lëtzebuerg

D’Dréibuch ass vum iraneschen Auteur Nasim Ahmadpour a vum Schwäizer Regisseur Romed Wyder. Mam zäitlosen Dekor vum Christina Schaffer, minimalistescher Musek, a verschiddene Kulture gëtt et genuch Plaz fir Konflikter a Léisungen. D’Pooneh Hajimohammadi spillt d’ Haaptroll vum Marjan,, de Felipe Castro d’Roll vum Sacha an d’Elisabet Johannesdottir d’Roll vum Mina.
D’Qualitéit vun de Schauspiller an d’Produktioun hannert der Kamera si bedeitend fir déi minimalistesch Dramaturgie. Et gëtt spannend.

Une histoire provisoire ass eng Produktioun vu Paradigma Films (CH, Ulrich Fischer, Romed Wyder), AMOUR FOU Luxemburg (Bady Minck, Alexander Dumreicher-Ivanceanu) a Milan Film (CH, Cyrill Gerber).

Finanzéiert zu Lëtzebuerg duerch den Film Fund Lëtzebuerg an an der Schwäiz vu MEDIA, Suisseimage, Cinéforom, Bundesamt fir Kultur-Sektion Film (CH), Kanton Basel, Canton Genève, SSR-SRG

Amour Fou ass eng Lëtzebuerger Filmproduktiounsfirma déi 1995 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf an sech 2001 zu Wien (Éisträich) en zweet Standbeen opgeriicht huet. Si produzéiere Spill-, Kuerz- an Dokumentarfilmer mat internationalen an europäesche Partner. Am Fokus steet den europäeschen Autorekino

Foto: (v.l.n.r.) D‘Produzenten: Bady Minck, Romed Wyder (Realisateur), Cyrill Gerber, Alexander Dumreicher-Ivanceanu; um Canapé: Ponneh Hajimohammadi a Felipe Castro © Ricardo Vaz Palma / Amour fou Lëtzebuerg

Related topics Amour Fou Luxembourg, Dréiaarbechten, Film, Letzebuerger Filmfong, Une Histoire Provisoire
Next post Previous post